Messerverbuet a Leeschtungskierzunge fir Flüchtlingen no Attack zu Solingen
© afp
Nom Attentat zu Solingen huet déi däitsch Bundesregierung sech op en entspriechende Mesurëpak gëeenegt, fir esou d'Sécherheet am Land z'erhéijen.
Dëse Pak ëmfaasst eng Ausbreedung vum Messerverbuet, Leeschtungskierzunge fir Flüchtlingen, déi keng Openthaltsgeneemegung kruten , zousätzlech Rechter bei Ermëttlungen fir d'Sécherheetsautoritéiten a méi Präventiounsprojeten géint Islamismus. Dat hunn déi däitsch Inneministerin Nancy Faeser vun der SPD an de Justizminister Marco Buschmann vun der FDP en Donneschdeg op enger Pressekonferenz matgedeelt.
Leit op der Flucht, déi virdrun schon an engem aneren EU-Land registréiert goufen, sollen d'Sozialleeschtunge gestrach kréien. Dës Mënsche sollen "am Bezuch vu Leeschtungen ausgeschloss ginn", sou d'Nancy Faeser. Dem Buschmann no soll domat Drock op déi Betraffen ausgeüübt ginn, sech mat den Autoritéiten a Verbindung ze setzen oder fräiwëlleg auszereesen.
Dobäi kënnt, dass Flüchtlingen an Zukunft méi einfach aus dem Land verwise kënne ginn, dat wa se bei hirem Openthalt an Däitschland Waffen am Gebrauch haten, sou den Marco Buschmann weider. Besonnesch bei Jugendlecher soll elo verstäerkt Interessi hei fir eng Expulsioun gewise ginn, wéi et formuléiert gëtt. Weider sollen och déi Leit Usproch op Protektioun verléieren, déi "ouni zwéngende Grond" an hir Heemescht zeréck reesen, beispillsweis fir do Vakanz ze maachen.
Beim Thema Messer soll an Zukunft e "generellt Verbuet am Ëmgang mat Sprangmessere" gëllen, sou déi däitsch Inneministesch. E Verbuet vu Messeren op Volleksfester, Sportsevenementer an änlechen Eventer ass dann och geplangt. Och an Zich wäert geschwënn e "generellt Messerverbuet" gëllen. Den eenzele Bundeslänner wäert och d'Optioun ugebuede ginn e komplett Verbuet am ëffentleche Verkéier ze decidéieren.