"Ampel"-Parteien dreet en Debakel
Dës Woch riichte sech d'Blécker an der däitscher Politik quasi all a Richtung Osten. An Däitschland gëtt a Sachsen an Thüringen e Sonndeg gewielt.
No der leschter „Landtagswahl“ vu viru 5 Joer huet virun allem Thüringen wochelaang fir Diskussioune gesuergt, dat mat engem Ministerpresident dee schonn no e puer Deeg zeréckgetrueden ass. Wann een den Ëmfroe gleewe kann, da wäert d‘Forméiere vun enger Regierung och dëst Joer schwiereg ginn.
D'Attentat zu Solingen huet d'Debatte ronderëm d‘Sécherheet an Däitschland déi leschten Deeg uerdentlech opgehëtzt. Politologe ginn dovun aus, datt d‘Messerattack mat 3 Doudege besonnesch der AfD nach e puer Prozent-Punkte kéint bréngen. Keen an Thüringen oder Sachsen well Solingen oder Mannheim viru senger eegener Hausdier erliewen.
An Thüringen läit d‘AfD Ëmfroen no kloer un der Spëtzt mat ëm 30 Prozent. Op der 2. Plaz d‘CDU mat 22 Prozent. Déi aktuell “Ampel“ gëtt weider ofgestrooft.

Wann eng Partei net iwwerzeegt, da gëtt se ofgewielt. Dat heescht fir den Osten, datt gestane Parteie souguer riskéieren, net méi an de Landtag ze kommen. Eng Chance fir radikal Riets.
Nummer 1 an Thüringen, d‘Nummer 2 a Sachsen: d‘AfD ass weider um Opschwong. De Walkampf vu ville Parteie geet an éischter Linn géint de rietse Ruck, bréngt awer wéineg eegen Iddien op den Dësch. De amtéierenden Ministerpresident an Thüringen, de Bodo Ramelow, brauch mat senger lénker Partei e klengt Wonner, fir um Rudder ze bleiwen. Warnt awer: "Meng Géigner stellen eng Normaliséierung vu Faschismus duer. Se maachen de Faschismus zu eppes alldeeglechem. Wann de Spëtzekandidat vun der AfD SA-Parole brëllt an d'Vertrieder vun der AfD ëmmer nees d'Reegelen déi an Däitschland gëllen fir sech sëlwer ni acceptéieren, da muss een däitlech soen: wien esou mam Parlament ëmgeet, däerf net an d'Géigend vu Verfassungsorganer kommen."
Op Stad oder am Duerf, eng 100.000 Leit hunn déi lescht Wochen op de Stroossen am Oste géint Riets demonstréiert. Vill fäerten d‘Aschränkungen op Demokratie a Mënscherechter.
Éischt Héichrechnunge vun de Wale sinn e Sonndeg no 18 Auer z'erwaarden.