Handyverbuet an de Schoulen huet positiv Auswierkungen, esou Fuerscher

© dpa/dpa/picture-alliance/Jens Kalaene via AFP
Dat soziaalt Klima ka verbessert ginn an d'Leeschtunge vum Léiere kënnen an d'Luucht goen. Dat ass op alle Fall d'Resultat vun enger neier däitscher Etüd.
Fuerscher vun der Schoulpedagogik vun der Uni Augsburg hu sech mam Handyverbuet beschäftegt. Virun allem eeler Schüler sollten awer de richtegen Ëmgang mat Smartphonë léieren. E strikte Verbuet wär nëmmen an den ënneschte Klasse sënnvoll.
D’Fuerscher hunn an hirer Etüd 5 grouss Studien aus Norwegen, Spuenien, Tschechien, England a Schwede verglach. All komme se zur Conclusioun, datt e Verbuet moossbar positiv Effeten op d’Schüler a Schülerinnen hat. Dat soziaalt Klima huet sech verbessert an dat huet och Auswierkungen op d’Léieren. E Smartphone, deen um Pult läit, limitéiert d'Konzentratioun an d’Léierprozesser.
E Verbuet ouni pedagogesch Begleedung géif awer net vill bréngen. Et wär wichteg, datt Kanner a Jonker léieren, responsabel mam Smartphone ëmzegoen. D’Fuerscher recommandéieren also e Verbuet, gekoppelt mat pedagogesche Mesuren.
A Frankräich an an Italien sinn Handyen an de Schoule scho méi laang verbueden. Zanter 2024 och a Groussbritannien an an Holland.