En 41 Joer ale Mann gouf vun der Police vun Tréier festgeholl, nodeems hien an engem Zuch vu Koblenz op Tréier "exhibitionistesch Handlunge" verüübt huet.

Ewéi d'Police schreift, hätt de Mann am RE4126 e Méindeg den Owend géint 19 Auer seng Box opgemaach a säi bescht Stéck ugepaakt. Dat hunn Zeie matkritt an d'Police alarméiert.

De Mann gouf, nodeems seng Personalien opgeholl goufen, awer nees entlooss. Ermëttlunge wéinst dem Verdacht vun exhibitionisteschen Handlunge goufen opgeholl.