D'Gespréicher iwwer eng besser Kontroll vun der irregulärer Migratioun an Däitschland tëscht Regierung an Unioun si gescheitert.

Kuerz no 17 Auer en Dënschdeg den Owend hunn d'Vertrieder vun den Uniounsparteien CDU an CSU d'Gespréicher mat de Regierungsparteien SPD, FDP a Grüne am däitschen Inneministère zu Berlin verlooss.

Ewéi de Chef vun der Verhandlungsdelegatioun vun den Uniounsparteien Thorsten Frei kuerz drop géigeniwwer däitsche Medie sot, géifen d'Propose vun der Regierung, fir Asyldemandeuren op den däitsche Grenzen zeréckzeweisen net wäit genuch goen. Dës géifen am Endeffekt net dozou féieren, dass méi Migranten op den däitsche Grenze géifen zeréckgewise ginn.

Migranten no bei der Grenz festhalen an Asylprozedure méi séier duerchféieren

D'Propos, déi d'Inneministesch Nancy Faeser am Numm vun der däitscher Regierung gemaach huet, ziilt am wesentlech drop of, Migranten, déi dem Dublin-System no an aneren EU-Länner eng Asyldemande musse stellen, méi séier an dës zeréckzebréngen.

Dofir solle Leit, déi aus engem Land baussent der EU kommen an an Däitschland areese wëllen, op de Grenze gestoppt ginn. Falls eng vun dëse Persounen eng Demande op Asyl wëll stellen soll déi däitsch Police kontrolléieren, ob dës Demande de Reegelen vum Dublin-System no net an engem anere Land muss gemaach ginn respektiv, ob schonn eng Demande an engem anere Land gemaach gouf. D'Police befreet d'Leit och op der Plaz a leet dann alleguer d'Informatiounen un dat däitscht Bundesamt fir Migratioun (BAMF) weider.

D'Police soll och d'Recht kréien, Leit an der Géigend vun der Grenz an eng Zort Arrest placéieren ze kënnen. Dëst sollt verhënneren, dass Persounen an Däitschland ënnerdauchen, wärend hir Demande traitéiert gëtt.

D'BAMF soll iwwerdeems eng beschleunegt Dubln-Demarche aleeden, fir ze iwwerpréiwen, ob eng Asyldemande net an engem aneren EU-Land muss gestallt ginn. Sollt dat de Fall sinn, sollen déi betraffe Leit méiglechst séier an déi jeeweileg Länner zeréckbruecht ginn. Fir dass dat méiglechst séier passéiert, wëll Däitschland dann och op diplomateschem Plang bei dëse Länner intervenéieren.

D'Propos vun der däitscher Inneministesch setzt virun allem op eng gréisser Roll vun der däitscher Police beim Traitéiere vun Asyldemanden am Kader vun der Dublin-Demarche. Doduerch solle Leit, déi an Däitschland kee Recht op Asyl hunn, méi séier ausser Landes bruecht ginn. Déi däitsch Inneministesch huet och schonn zouginn, dass d'Police dofir méi Kapazitéiten a Personal bräicht.

Unioun verlaangt Zréckweisung op den däitsche Grenzen

D'Vertrieder vun den Uniounsparteie sinn allerdéngs der Meenung, dass dës Ännerungen net dozou wäerte féieren, dass manner Leit op irregulärem Wee an Däitschland areesen. Si fuerderen, dass Leit, op den däitsche Grenzen zeréckgewisen - also iwwerhaapt net an d'Land gelooss ginn. Fir dat ze erméiglechen, sollt den Artikel 72 vum EU-Vertrag declenchéiert ginn.

Faeser a Buschmann: Zréckweisung un de Grenze rechtlech net méiglech

Der Aschätzung vu der Regierungskoalitioun no géif et den Ament allerdéngs keng rechtlech Basis fir d'Declenchéiere vun dësem Artikel ginn. Déi däitsch Inneministesch Faeser sot an deem Kontext, et dierft keng riskant Ausname vum EU-Recht ginn. Dem FDP-Justizminister Buschmann no, wier de Virschlag vun der däitscher Regierung am Aklang mam europäesche Recht. Et kéint een net verlaangen, dass eng däitsch Regierung géint d'Recht verstéisst.

Déi däitsch Ausseministesch Baerbock huet iwwerdeems kritiséiert, dass d'Uniounsparteien d'Gespréicher verlooss hätten, éier eng Partie wichteg Sujeten hätte kéinte beschwat ginn.

Zesummenaarbecht mat de concernéierte Bundeslänner néideg

Déi däitsch Regierung wëll d'Propos, déi si um Sommet mat CDU an CSU gemaach huet, och ouni dësen hir Zoustëmmung ëmsetzen. Dofir ass eng Zesummenaarbecht mat deene Bundeslänner néideg, déi op den däitsche Baussegrenze leien, ënner anerem fir Plazen ze fannen, fir Leit an den Arrest ze placéieren. Der Nancy Faeser no hätte verschidde Bundeslänner och schonn Interessi un enger entspriechender Kooperatioun gewisen.

Zu de Gespréicher tëscht der däitscher Ampel-Regierung an der Unioun war et an der Suite vum déidleche Messer-Attentat zu Solingen komm.