Lëtzebuerger Hëllef fir de Cap Vert
Mat eppes iwwer 2.500 Residentë sinn d'Kapverdianer déi gréissten afrikanesch Communautéit hei zu Lëtzebuerg.
D'Inselrepublik huet ongeféier déi selwecht Populatioun wéi Lëtzebuerg, verdeelt op eng Fläch déi en Drëttel méi grouss ass. De Cap Vert ass zanter iwwer 30 Joer e Pays Cible vun der Lëtzebuerger Kooperatioun. A scho laang virum Staat huet SOS Villages d'Enfants ugefaangen, d'Kanner op der Platz z'ënnerstëtzen, mat klassesche Kannerdierfer, mee och mat Programmer, déi aarme Familljen hëllefen, sech besser ëm hir Kanner ze këmmeren. Eng Aarbecht, déi nach ëmmer aktuell an néideg ass. De Pascal Becker war sech fir eis op de Cap Vert e Bild vum Projet maachen.
SOS Villages Enfants Monde feiert dëst Joer am Oktober och hir 50 Joer. Hei fannt Dir en Dossier iwwert d'Associatioun an hir Projeten aus de leschte 5 Joerzéngten.
Hei fannt Dir méi Informatiounen iwwert d’Projeten an d’Méiglechkeet en Don ze maachen.