Läich vun engem Mann an eidelstoendem Buttek an der Äifel fonnt
© AFP/Archiv/Christof STACHE
Wéi ënnert anerem den "Trierischer Volksfreund" mellt, gouf leschte Mëttwoch zu Prüm an der Äifel eng Läich fonnt. D'Ëmstänn sinn nach net gekläert.
An der "Grüne Scheune" an der Bahnhofsstraße zu Prüm, déi zanter dem leschte Joer keng Clientë méi empfänkt, ass een Doudege fonnt ginn.
E Pressespriecher vum Polizeipräsidium Trier sot dem "Volksfreund" géigeniwwer, d'Läich vum onbekannte Mann wier beim Opraumen am Gebai fonnt ginn. D'Bedreiwer vum Buttek hätten déi grujeleg Decouverte gemaach, wéi si an een Nieweraum goe wollten an den Onbekannten hannert der Dier fonnt hätten.
Dem Policespriecher no géif et Indicë ginn, datt den doudege Mann scho méi laang am Buttek kéint geleeën hunn. Éischte Schätzungen no scho bis zu ee Joer laang. Bis ewell géif et keng Hiweiser dorop ginn, datt de Mann duerch friemen Afloss kéint gestuerwe sinn. D'Police vu Prüm huet d'Ermëttlungen opgeholl an och d'Kriminalpolice ass involvéiert, wéi dat bei Doudesermëttlungen üblech ass.
Am Raum Prüm gëtt der Police no den Ament kee vermësst. De Policespriecher sot dem Volksfreund géigeniwwer awer, et géif Indicë ginn, datt de Mann Schutz am Gebai gesicht hätt an dunn do verscheet wier.