Viru genee engem Mount sinn am Libanon an a Syrien dausende Pager explodéiert.

Et war den Ufank vun der grousser Attack vun Israel op déi pro-iranesch Hisbollah. Domat gouf alt nees de Libanon an e Krich verwéckelt.

D'Soraya Chehab ass Libano-Lëtzebuergerin. Hir Jugend huet si hei am Land verbruecht. Zanter dem Enn vum Biergerkrich, ugangs den 90er Joren, lieft si nees zu Beirut. D'israeelesch Attacke géint déi pro-iranesch Terror-Miliz Hisbollah, ass déi 8. grouss Kris déi si an hirem Liewen, am Libanon erlieft.
 
''Mir hunn ons dat schonn erwaart."
 
An awer. Wei den 20. September, déi éischt grouss Explosiounen zu Beirut selwer ze héiere waren, wier dat schonn e Schock gewiescht.

Fir d'Soraya Chehab ass et deen Ament d'Rou virum Stuerm. D'Israeelesch Bombardementer op de Libanon wiere kee Krich tëscht Israel an dem Libanon, ma e Krich tëscht Israel an dem Iran. Déi nächst Etapp, déi d'Mënschen am Libanon beonrouegt, wier eng méiglech Attack vun Israel op den Iran. Mat der Fro, wat d'Konsequenze fir de Libanon wieren?
 
Kann eng geschwächt Hisbollah, eng Chance fir de Libanon ginn? 
 
Eng Fro, déi vill Leit am Libanon mat Jo beäntweren. D'Libano-Lëtzebuergerin gesäit ee Probleem: Et kéint een Israel net trauen. 
 
Firwat net einfach Beirut de Réck dréien? D'Familljen a Sécherheet bréngen?
 
D'Soraya Chehab gëtt ze bedenken, dat zanter der Finanzkris, de Libanesen hiert Geld op de Banke blockéiert ass. Wéi solle si deemno am Ausland liewen, iwwerliewen? Ouni hiert Erspuerten?
 
An de 60er, 70er Joren, beschriwwen als Schwäiz vum Mëttleren Osten, läit dat klengt Land zanter Jore wirtschaftlech a politesch op de Knéien. 
 
Hei vertraut d'Soraya Chehab de Libanesen. E Vollek, wat sech no jidder Kris ëmmer nees erkrabbele géif. ''Amplaz sech ze revoltéieren, adaptéiere si sech der Situatioun no.'' Wat villäicht och net ëmmer déi bescht Léisung wier. Dat eenzegt wat d'Leit bréichten, wier eng handlungsfäeg Regierung.