Accidenter, Pannen a Géigestänn op der Fuerbunn stéieren den Trafic op der A31 tëscht Metz a Lëtzebuerg. D’Männer a Giel vun der DIR Est këmmere sech drëm.

Fir e Patrouilleur vun der DIR Est (Direction Interdépartementale des Routes Est) ass d’Autobunn A31 souzesoe säi Büro. “All klengen Tëschefall fält him op. Hien notéiert en, a mir probéieren, esou séier wéi méiglech ze reagéieren, fir de Problem ze léisen", erkläert de Christophe Leroy, Chef vum Exploitatiouns- an Interventiounszenter vu Fameck.
Seng 16 Mataarbechter a sechs Teamcheffe schaffe "siwen Deeg op siwen, 365 Deeg am Joer". Déi, déi d’Patrouilleurswest undinn, si vu moies 5.45 Auer bis owes 8.15 Auer all Dag ënnerwee. Dat op den 30 Kilometer vun der A31 tëscht Mondelange an der Lëtzebuerger Grenz an op de 7 Kilometer vun der A30, déi de "Büro" verlängeren.

D'Missioun vum Patrouilleur resuméiert de Christophe Leroy folgendermoossen: "Alles maachen, fir dass d’Chauffeure sécher kënne fueren". Seng Aufgab ass, alles z’iwwerwaachen an direkt ze reagéieren, wann eppes net richteg leeft. Fir d’éischt reagéiert den Agent d’Exploitation, dee fir d’Patrull responsabel ass, wann eppes passéiert. “Hien ass och deen, deen d’Usageuren protegéiert, wann se eng Pann hunn”, erkläert de Christophe Leroy.

De gréisste Risiko? “Eng Kollisioun mat engem Gefier.”

Den Dagesoflaf variéiert, mee "wann ech Patrouilleur sinn, kucken ech alles no, wat net an der Rei ass. D’Fuerbunn, ob keng Lächer dra sinn, d'Schëlder, ob se funktionéieren a propper sinn. D'Vegetatioun, ob keng Äscht oder Beem kéinte falen. Wann dat de Fall ass, ruffen ech mäi Responsabele vun der Interventioun, an hie schéckt en Team, fir de Bam oder den Aascht ewechzehuelen", erzielt den Denis Droitcourt, deen hannert dem Steier vum orange Gefier sëtzt.

Dotëscht hëlleft hien natierlech och den Automobilisten op der Pannespuer, wann se eng Pannen hunn, a séchert d’Plaze vun Accidenter of. "Wann een op en Accident geruff gëtt, weess een net, wat een erwaart. Dat Schlëmmst, wat ka geschéien, ass en Accident mat engem Doudegen. Dat ass mengem Kolleegen d’lescht Woch geschitt. Dat ass grausam. Et schockéiert, e verstuerwene Mënsch ze gesinn. Mee et geschitt", seet de Denis.

D'lescht Woch gouf et en Donneschdeg géint 0.45 Auer en tragescht Verkéiersaccident am franséische Mondelange. E Chauffer, deen an déi falsch Richtung ënnerwee war, ass frontal an en anert Gefier gerannt. Béid Chauffere si bei dësem Accident op der A31 ëm d’Liewe komm. Wéi den Denis erkläert, wieren Accidenter keng Seelenheet: "Ech hu bal all Dag mat Accidenter op der A31 ze dinn".

Hien a seng Kolleegen zu Fameck si permanent op der Strooss ënnerwee. De gréisste Risiko fir de Patrouilleur ass "de Verkéier, d'Gefor vun engem Gefier erfaasst ze ginn. Eise Patrouilleur ass grad am Gaangen, en Objet opzehiewen, an den Automobilist gesäit hien net oder passt net op. De Chauffeur ka grad mam Handy beschäftegt sinn oder mat soss eppes. De Patrouilleur kéint ugestouss ginn. Rezent ass op eisem Netz zu Nancy e Patrouilleur vun engem Auto ugestouss ginn. Hie war grad am gaange Brieder opzehiewen. Glécklecherweis hat hie 'just' e gebrachent Schëllerblat an e gebrachent Schlësselbeen. Hien hätt kënne stierwen", erzielt de Christophe Leroy iwwer de schrecklechen Accident vum 8. Oktober. En anere Patrouilleur gouf wärend senger Missioun op der A330 südlech vun Nancy vun engem Gefier erfaasst.

D'Automobilisten si "méi presséiert, méi nervös"

De Chiffer vu Materialschued, duerch Accidenter mat Gefierer vun der DIR Est ass héich. "Zënter Ufank vum Joer si scho 15 Gefierer vun Automobilisten erfaasst ginn", bestätegt de Sébastien Delbirani, Chef vum Distrikt Metz, zu deem och den Zenter Famecker gehéiert.

Bei der DIR Est beobacht een, dass de Verkéier op der A31 zanter e puer Joer permanent an d’Luucht geet. "Déi meescht Etüden, déi haut iwwer de Verkéier op der A31 gemaach ginn, weisen drop hin, dass et an den nächste Jore wäert eng weider Augmentatioun ginn," erkläert de Sébastien Delbirani.

Mee et ass net nëmmen den Trafic, deen an d’Luucht geet, et gëtt "och eng Augmentatioun vu respektlosem a vu geféierlechem Verhale vu bestëmmten Automobilisten, déi méi presséiert schéngen. Mir gesinn eng grouss Nervositéit bei dësen Automobilisten, déi sech a Form vun onhéiflechem Verhalen ëmmer den Automobilisten an och vis-à-vis vun eisen Teams ausdréckt. Et ginn ëmmer méi Leit, an d'Leit gi méi nervös."

"Passt op eis op"

“Mir hu ganz vill Trafic. Et gi Leit, déi presséiert sinn an déi net op eis Mataarbechter oppassen, wann se am Asaz sinn. Egal ob dëst fir Aarbechten ass oder fir Sécherheetsinterventiounen. Mir schécken Ekippen, fir Leit op der Pannespuer ze hëllefen, mee d'Automobilisten, déi laanschtfueren, wiesselen dacks net d’Spuer. An dobäi ass dat am franséische Code de la Route obligatoresch. Si bremsen esouguer heiansdo net of. Dat ass awer de Minimum, wat se maache kënnen”,  erkläert de Chef vum Distrikt Metz.

All Patrouilleuren, Teamcheffen an héich Responsabel, déi RTL getraff huet, hunn nëmmen eng Noriicht fir d'Benotzer: "Passt op eis op. Mir si fir Iech do. Mir sinn do, fir dass Dir all Dag sécher op Är Aarbecht kommt, mir si net do, fir Iech ze stéieren. Also, passt op eis op", resuméiert de Christophe Leroy.

“All Moien, all Nomëtten, wann eis Agenten op d'Plaz ginn, soe mir hinnen: Passt gutt op a respektéiert d’Sécherheetsmoossnamen déi do sinn". Mat anere Wiedrer: Äert Liewen hänken dovun of.