Géigeniwwer sti sech jo déi aktuell proeuropäesch Presidentin Maia Sandu an de russlandfrëndleche Kandidat Alexandr Stoianoglo.

2,6 Millioune Leit sinn opgeruff, hir Stëmm bis e Sonndeg den Owend 21 Auer ofzeginn. Éischt Resultater sollen ronn eng Stonn drop schonn do sinn.

D'Wal gëllt als richtungsweisend fir Moldau, dat ënnert der aktueller Presidentin, déi un der Dier vun der Europäescher Unioun geklappt huet.

Eng knapp Majoritéit hat sech beim Referendum, dee parallel zum éischten Tour vun de Walen organiséiert gouf, duerfir ausgeschwat, datt den ugestrieften EU-Bäitrëtt vu Moldau an der Verfassung verankert gëtt.