Wéinst der Regierungskris an Däitschland huet de Bundespresident elo och déi dräi FDP-Minister aus hirem Amt entlooss.

Frank Walter Steinmeier: Broch vun der Koalitioun ass "kee Weltënnergang"

Nodeems e Mëttwoch den Owend d’Regierungskoalitioun aus SPD, FDP an Gréngen an Däitschland geplatzt ass, huet de Bundespresident Frank-Walter Steinmeier en Donneschdeg de Moien eng Erklärung ofginn. De Frank-Walter Steinmeier sot, de Koalitiounsbroch wier kee Weltënnergang, mä eng politesch Kris, déi ee misst a géif hannert sech loossen. Déi däitsch Demokratie wier staark.

Extrait Frank Walter Steinmeier

"Viele Menschen in unserem Land blicken mit Sorge auf eine unsichere politische Lage in unserem eigenen Land, in Europa, in der Welt, auch nach den Wahlen in den USA. Es ist nicht die Zeit für Taktik und Scharmützel. Es ist die Zeit für Vernunft und Verantwortung. Ich erwarte von allen Verantwortung. Ich erwarte von allen Verantwortlichen, dass sie der Grösse der Herausforderung gerecht werden." 
 
Den SPD-Bundeskanzler Olaf Scholz hat e Mëttwoch den FDP-Finanzminister Christian Lindner aus der Regierung gehäit, wéinst Sträit ëm de Budget an d’Wirtschaftspolitik. De Justizminister Marco Buschmann an d’Educatiounsministerin Bettina Stark-Watzinger hunn doropshin och demissionéiert, wärend de Verkéiersminister Volker Wissing en Donneschdeg de Moien decidéiert huet, seng Partei FDP ze verloossen an als parteionofhängege Minister an der Regierung ze bleiwen.

En Donneschdeg de Mëtteg entléisst de Frank-Walter Steinmeier d’Minister Lindner, Buschmann a Stark-Watzinger offiziell. Hie vereedegt dann och Jörg Kukies als neie Finanzminister, deen war bis elo Staatssekretär a Wirtschaftsberoder am Kanzleramt beim Olaf Scholz.

Mark Rutte: Däitschland wäert seng Roll op der Weltbün spillen

Déi däitsch Regierungskris huet an Europa deels d'Angscht viru politeschem Stëllstand an der EU ausgeléist. Grad zu dësem kruziale Moment, wärend deem Europa och no der Victoire vum Donald Trump an der USA Unitéit demonstréiere wëllen.
 
Bei senger Arrivée fir en informelle Sommet zu Budapest huet sech den NATO-Generalsekretär Mark Rutte awer betount geloosse gewisen. Däitschland géif och trotz Echec vun der Ampelkoalitioun och weider seng Engagementer an der Defense- an der Aussepolitik anhalen, esou den Hollänner.

Extrait Mark Rutte

Den EU-Rotspresident Charles Michel sot, hie hätt Vertrauen an déi demokratesch Institutiounen an Däitschland. Den Olaf Scholz reest wéinst den innepoliteschen Tensioune réischt en Donneschdeg den Owend an Ungarn. Zu Budapest fänkt direkt nom Sommet eng Reunioun vun der Europäescher Politescher Gemeinschaft un, an där och Länner wéi d'Ukrain, Groussbritannien an d'Tierkei vertruede sinn.