Den Ilham Alijew huet bei der COP29 virun den internationalen Delegéierte fir d'Notzung vun Ueleg a Gas plädéiert.

Vum 11. bis den 22. November ass an der aserbaidschanescher Haaptstad zu Baku d'UN-Klimakonferenz COP29, bei där sech Vertrieder vun der ganzer Welt zesummefannen, fir d'Gefore vum Klimawandel ze bekämpfen, déi ëmmer méi grouss ginn.

En Dënschdeg huet de President aus dem Aserbaidschan Ilham Alijew virun den Delegéierte geschwat a fossil Energië wéi Ueleg an Äerdgas als "Kaddo vu Gott" betitelt. Deemno huet hie mat den internationalen Delegéierten ofgerechent a behaapt, säi Land wier eng Zilscheif vu "Fake News" an enger "Ruffmord- an Erpressungscampagne". Et sollt ee Länner, déi fossil Energien um eegenen Territoire hunn, deemno net dofir verurteele, wann een dës notze géif.

A fossille Brennstoffer ass Kuelestoff enthalen, dee bei senger Verbrennung a Kontakt mat Sauerstoff kënnt. Doduerch entsteet CO2, wat sech an der Äerdatmosphär sammelt a fir e groussen Deel zu der Äerderwiermung bäidréit.