Déi aktuell Paräisser Buergermeeschtesch huet matgedeelt, datt si sech de Wale keng drëtte Kéier méi wäert stellen.

Hidalgo geet net mat an d'Walen / Korrespondenz vum Noa Ganeto

Et steet elo fest. Paräis kritt a manner wéi zwee Joer en neie Buergermeeschter. Dës Woch goufen d’Rumeure confirméiert, dat déi aktuelle Buergermeeschtesch Anne Hidalgo sech net nach eng wieder Kéier bei de Gemengewale presentéiere wäert. 10 Joer laang ass hire Mandat bis ewell gelaf. 2014 gouf si fir déi éischte Kéier gewielt, 2020 eng zweete Kéier. D’sozialistesch Politikerin sot an engem Interview mam "Le Monde", dass dës Decisioun schonns zanter enger laanger Zäit gefall wier, mä dass si awer bis zum leschten Dag Buergermeeschtesch géing bleiwen an och dono nach an der Politik wéilt weider aktiv sinn . 
 
Generell gesi weise sech d’Paräisser zefridden doriwwer, dass d’Anne Hidalgo net méi hir Buergermeeschtesch wäert sinn. Wat hire Successeur ugeet, ass d’PS-Politikerin mat spueneschen Originnen kloer: si hofft, dass de Senateur Rémi Feraud, President vum Grupp ‘’Paris en commun’’ hiert Mandat iwwerhëlt an esou e Rassemblement vun de Gauche-Parteie ka realiséiert ginn. 
 
Ee vun den Haaptkonkurrente vum 53 Joer alen Rémi Feraud ass de Parteikolleeg an Deputéierten Emmanuel Grégoire, fréieren Adjoint vun der Anne Hidalgo. D’Walcampagnë fir d’Gemengewalen 2026 hunn domat ewell dës Woch ugefaangen.