Frankräich huet keng Regierung méi

© Telmo Pinto / NurPhoto / NurPhoto via AFP
D’Motioun vun der lénker Allianz La France Insoumise gouf kloer mat 331 vu 577 Stëmmen ugeholl.
De Michael Barnier ass domadder den éischte Premierminister an der Geschicht vun der 5. Republik, deen duerch esou eng Motioun zu Fall bruecht gouf, nodeems e vum Artikel 49,3 vun der Konstitutioun Gebrauch gemaach hat. Hie wollt de Vott am Parlament ëmgoen, fir en ëmstriddene Budget fir d‘Sécurité sociale ëmzesetzen. Och de rietse Rassemblement National hat eng Motioun géint d’Regierung vum Barnier deposéiert, ma iwwer dës muss net méi ofgestëmmt ginn, well d’Motioun vum lénke Lager déi néideg Votte krut, dat och mat Stëmme vu riets.
De franséische Staatspresident Emmanuel Macron muss elo en neie Premierminister ernimmen, hei gëllt de Verdeedegungsminister Sébastien Lecornu als potenzielle Kandidat.