No deeglaangem staarke Reen an Iwwerschwemmungen an Thailand geet d'Zuel vun den Affer weider an d'Luucht.

Zanter en Dënschdeg goufe véier weider Affer notéiert, sou e Spriecher vum Gesondheetsministère e Mëttwoch. Déi fënnef Provënze Pattani, Narathiwat, Songkhla, Nakhon Si Thammarat a Phatthalung am Süde vum Land haten d'Evakuatioun vun den Awunner ordonéiert. Iwwer 33.000 Persoune sinn dovu betraff.

Zanter dem 22. November reent et quasi onënnerbrach an Thailand. Vun den Iwwerschwemmunge sinn antëscht méi wéi 155.000 Stéit concernéiert an et riskéiert och nach weider zu Äerdrutschen ze kommen. D'Wiederstatioune warnen och, dass déi schlecht Meteo nach bis en Donneschdeg soll bleiwen. Dës Saison ass bei den Touristen immens beléift.

D'Regierung huet eegenen Aussoen no fir all betraffe Provënz Héichwaasserhëllefen an Héicht vu 50 Millioune Baht - ëmgerechent knapp 1,4 Milliounen Euro - zur Verfügung gestallt. All concernéiert Famill soll donieft 9.000 Baht extra kréien.

All Joer kënnt et an dëser Joreszäit a Südostasien zu dësem Phenomen, net just an Thailand, ma och beim Noper Malaysia.