Locataire ëmbruecht an zerstéckelt Läich méintlaang am Keller gehalen
An Däitschland gouf eng Locataire iwwer Méint vun zwee Männer mësshandelt, ëmbruecht an zerstéckelt. D'Läich hu si bal en halleft Joer am Keller gehalen.
Zu Gießen stinn zwee Männer viru Geriicht, deene Mord a geféierlech Kierperverletzung reprochéiert ginn. Si sollen hir Affer vun November 2023 un zu Wernges zegmol kierperlech mësshandelt an Ufank 2024 ëmbruecht hunn.
Ee vun den Ugeklote sollt d'Läich dann zerstéckelt an an de Keller bruecht hunn. Deeler vum Kierper wieren och an e Bësch bei Schlitz bruecht ginn. Bei enger Perquisitioun am Juli goufen dunn all d'stierflech Iwwerreschter fonnt.
Motiv fir d'Dot soll dem Parquet no ganz kloer d'Vertuschung vun de viregte Gewaltdote géint déi 55 Joer al Fra sinn. Bei den Ermëttlunge goufe knapp 22.000 SMSen ausgewäert. Zanter Enn 2015 sollen déi Ugeklot 26 Locatairë gehat hunn, deene géigeniwwer et och zu Kierperverletzung, Menacen a Beleidegung koum.
Virun den Ermëttler hunn déi zwee Proprietäre bestridden, eppes mam Doud vun der Fra ze dinn ze hunn. Déi 55 Joer al Fra hätt zanter hirer Gebuert d'Downsyndrom gehat. Ob d'Klo zougelooss gëtt, muss d'Landgeriicht elo decidéieren.