Russland an Nordkorea hunn an engem leschte Schratt d'Ofkommes, iwwert dat si sech am Juni eens gi sinn, ratifizéiert.

Dat huet d'nordkoreanesch Noriichtenagence KCNA matgedeelt. De russeschen Ausseministère huet dëst confirméiert. De Vertrag wier de 4. Dezember a Kraaft getrueden, heescht et weider aus Moskau.

Den nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un an de russesche President Waldimir Putin haten d'Ofkommes am Juni am Kader vun enger Staatsvisitt vum Kremlchef zu Pjöngjang ënnerschriwwen, dat de Putin als "revolutionär" bezeechent hat.

Den Accord gesäit ënner anerem eng "direkt géigesäiteg militäresch Hëllef" vir, am Fall vun engem Ugrëff op eent vu béide Länner. Donieft verflicht et béid Länner zur Zesummenaarbecht bei engem Widderstand duerch westlech Sanktiounen an zur Koordinatioun vun hire Positioune bei de Vereenten Natiounen.

Russland an Nordkorea si sech am Laf vun der russescher Invasioun an der Ukrain zanter 2022 geopolitesch méi no komm. De Weste reprochéiert Nordkorea jo schonn zanter méi laangem, Russland Munitioun fir de Krich an der Ukrain ze liwweren. Donieft huet Nordkorea rezent méi wéi 10.000 Zaldoten a Russland geschéckt, déi am Kampf géint d'Ukrain sollen agesat ginn.