Schätzunge vun der Réckversécherungsentreprise "Swiss Re" no hätten Ëmweltkatastrophen dëst Joer weltwäit Schied vun 310 Milliarden Dollar verursaacht.

Dat ass eng Hausse vu 6 Prozent géigeniwwer zejoert. D'Schied, déi weltwäit vu Versécherunge bezuelt goufen, géife sech op 135 Milliarden Dollar belafen. Hei hätte besonnesch d'Hurrikanen Hélène a Milton fir eng Hausse vun de Schied gesuergt, heescht et an engem Schreiwes vu "Swiss Re".

D'Fraise vun den Assureure leien domat fir dat fënneft Joer hannerteneen iwwer 100 Milliarden Dollar, wéi de Balz Grollimund, Responsabele fir d'Couverture vu Katastrophefäll bei der Schwäizer Entreprise matdeelt.

D'Hausse vu de Fraise géif sech engersäits doduerch erklären, dass ëmmer méi Bienen a Stied ze verséchere wieren an de Präis fir Reparatioune geklomme wieren. Ma och de Klimawandel géif fir eng Hausse vun den ausbezuelten Zomme suergen. Ënner anerem hätte Versécherunge wéinst den Iwwerschwemmungen an Europa an de Vereenegten Arabeschen Emirater dëst Joer 13 Milliarden Dollar missen ausbezuelen.