Olaf Scholz verléiert Ofstëmmung, däitsche Bundestag kann opgeléist ginn
© RALF HIRSCHBERGER AFP
Domat ass de Wee fir d'Neiwalen den 23. Februar 2025 fräi, soubal de Bundespresident de Bundestag opléist.
Am däitsche Bundestag huet den Olaf Scholz e Méindeg d'Vertrauensfro gestallt. Dëst ass an der Geschicht vun der Bundesrepublik eréischt déi sechste Kéier iwwerhaapt, dass dat geschitt. No der Opléisung vun der Ampel-Koalitioun de 6. November hat den däitsche Bundeskanzler wéi annoncéiert d'Motioun den 11. Dezember agereecht, fir dass d'Ofstëmmung am Bundestag dëse Méindeg konnt ofgehale ginn.
Duerch d'Resultat gouf dem Olaf Scholz elo offiziell d'Mësstrauen ausgeschwat. 207 Stëmmen hate sech fir den aktuelle Bundeskanzler ausgeschwat, 394 dogéint an 116 hu sech enthalen. Domat kann de Bundespresident Frank-Walter Steinmeier nach op dësem Méindeg d'Opléisung vum aktuelle Bundestag virschloen. An deem Fall hätt hien da bis de 6. Januar Zäit, een Datum fir d'Neiwalen ze fannen. Déi grouss Parteien hate sech awer schonn am Viraus op den 23. Februar 2025 gëeenegt.
An de Stonne virun der Vertrauensfro hat d'Unioun schonn ugekënnegt, si géife sech zesummen ouni Ausnam géint den aktuelle Bundeskanzler ausschwätzen. Déi Gréng haten hiren Deputéierte geroden, sech bei der Ofstëmmung ze enthalen, fir iwwert dëse Wee Neiwalen ze garantéieren. Aus de Reie vun der AfD gouf sech donieft mat der Ausnam vun dräi Memberen och kloer géint de Scholz positionéiert.
Hëtzeg Riede vun de Parteien a Kanzlerkandidaten
Am Virlaf vun der Ofstëmmung war et am Bundestag zu enger Rei hëtzege Riede komm, wou déi verschidde Parteien hiert jeeweilegt Elektorat ugeschwat hunn. Den Olaf Scholz huet eng Hausse vum Mindestloun an eng Baisse vun der TVA op Liewensmëttel versprach. CDU an FDP hu Steierbaissë fir d’Entreprisen an eng Kierzung vum Chômage gefuerdert. Ee vun den Haaptsträitpunkte war dann och d’Reform vun der konstitutioneller Scholdebrems, fir kënne méi z’investéieren, eng Reform, déi d’FDP net wëllt matmaachen. Den Olaf Scholz sot dowéinst, déi wierklech Fro un d’Bierger wier:
"Trauen wir uns zu, als starkes Land kraftvoll in unsere Zukunft zu investieren? Haben wir Vertrauen in uns und unser Land oder setzen wir unsere Zukunft aufs Spiel? Riskieren wir unseren Zusammenhalt und unseren Wohlstand, indem wir längst überfällige Investitionen verschleppen, indem mir notwendige Unterstützung der Ukraine und Investitionen in unsere Bundeswehr aufrechnen, gegen Gesundheit und Pflege, gegen stabile Renten und leistungsfähige Kommunen.”
De grénge Wirtschaftsminister Robert Habeck sot, d’Dräierkoalitioun hätt vun der Angela Merkel hirer Regierung trotz ausgeglache Budgeten e verschëlt Land geierft:
"Die Schuld war nicht mehr im Haushalt, die Schuld ist in der heruntergewirtschafteten Bundeswehr bei bröselnden Brücken, bei verspäteter Bahn, bei nicht sanierten Schulen, bei fehlender Investitionstätigkeit im Lande.”
Den CDU-Kanzlerkanidat Friedrich Merz huet am Géigenzuch gefrot, ob d’SPD an deene leschten 22 Joer, an deene se an der Regierung war, op engem anere Stär gewiescht wär, an de Sozialiste virgeworf, näischt géint d’Wirtschaftskris z’ënnerhuelen.
"Herr Bundeskanzler, ich habe genau zugehört, das Wort Wettbewerbsfähigkeit der deutschen Wirtschaft kommt nicht ein einziges Mal in der Rede vor, die Sie heute Morgen gehalten haben. Das heisst doch im Klartext nichts anderes
als Steuererhöhungen, mehr Schulden, mehr Umverteilung auf Kosten der jungen Generation.”
Den Ex-Finanzminister Christian Lindner huet dem Olaf Scholz virgeworf, hie wéilt d’Scholdebrems net briechen, fir z’investéieren, mee fir Ëmverdeelungspolitik ze maachen a seng TVAs-Baisse op de Liewensmëttel ze bezuelen. Däitschland hätt an der Eurozon awer eng Virbildfunktioun.
“Wenn wir vorsätzlich die Fiskalregeln brechen, wie einst schon einmal Gerhard Schröder, dann wird der Damm in Europa brechen, dann wird dereinst in wenigen Jahren das Fundament der Wärungsunion durch Staatsverschuldung unterspült worden sein. Die erste politische Priorität muss aber die Stabilität unserer Währung sein.”