En 29 Joer ale Mann ass zu Baden-Württemberg an Däitschland vun engem Balcon gefall, nodeems hien a seng Wunneng klamme wollt.

Wéi et ausgesäit, huet de Mann wuel säi Wunnengsschlëssel doheem leie gelooss an ass dohier op d'Iddi komm, d'Fassad vum Wunngebai eropzeklammen. Hie soll vun engem Balcon aus versicht hunn, fir an eng Wunneng ze kommen, an déi hien och eran duerft. Aus bis ewell onbekannte Grënn ass hien dobäi erofgefall. Friemawierkung oder Indicen op eng Strofdot gouf et keng, sou d'Police op der Plaz.

De Mann koum nach an d'Spidol, ma ass do u sengen uerge Blessure gestuerwen, sou d'Autoritéiten e Méindeg zu Offenbach. D'Beamte gi vun engem Accident aus, dee schonn den 9. Dezember geschitt ass. Zeien hunn de Mann mat Blessuren um Kapp virun engem Haus am Staddeel Oststadt leie fonnt an hu kuerz drop d'Ambulanz geruff.