De Poopst wier bei senger historescher Rees an den Irak am Mäerz 2021 zweemol am Viséier vun Attentäter gewiescht.

An der Autobiographie "Hoff" vum Chef vun der kathoulescher Kierch erzielt hien, datt d'Sécherheetsdéngschter vum Vatikan vum brittesche Geheimdéngscht Informatioune kritt haten, datt eng Kamikaze-Attentäterin ënnerwee op Mossul wier, fir sech wärend der Visitt an d'Luucht ze sprengen. Och e Camion mat Sprengstoff wier parallel ënnerwee gewiescht.

De Poopst François schreift, datt hien no 4 Deeg Rees am Irak no den Attentäter gefrot hätt. "Déi sinn net méi do", hat ee Sécherheetsbeoptraagten him gesot. Déi irakesch Police hätt se ofgefaangen a mam Sprengstoff ëmbruecht. Dat hätt hien déif getraff, well dat wier déi "vergëfte Fruucht vum Krich". 

An der Autobiographie, aus där elo däitsch Medien éischt Extraite bruecht hunn, geet och ervir, datt de Poopst grouss Bedenken hat, fir iwwerhaapt an den Irak ze fléien. "Ech hu gespuert, datt ech dat maache muss". De Jean-Paul den Zweeten hätt seng Rees 20 Joer virdru missen ofsoen. De Poopst François wollt déi Gleeweg net enttäuschen.