CDU an CSU hunn hire gemeinsame Walprogramm decidéiert

© AFP / Archiv / Tobias Schwarz
Eestëmmeg ugeholl gouf dee Programm, sou housch et um Dënschdeg an der Presentatioun zu Berlin, deen och ee Géigenentworf zu der Ampel-Regierung wier.
Weider sou, och vue d'Situatioun vun der Ekonomie, wier keng Optioun méi. No 3 Joer an der Oppositioun wieren CDU an CSU prett, fir Responsabilitéit ze iwwerhuelen.
Et wéilt een als Unioun d'Land aus der Kris féieren, sou den CSU-Chef Markus Söder. De Friedrich Merz wier de richtege Kandidat, fir Kanzler ze ginn.
De Walprogramm vun 79 Säiten huet den Titel "Politikwiessel fir Däitschland". E gesäit milliardeschwéier Steiererliichterungen, ee haarde Kurs an der Migratiounspolitik an den Ersatz vum Biergergeld duerch eng nei Grondsécherung mat verschäerfte Sanktiounsméiglechkeete vir.
De Merz sot nach, datt net alles direkt géing besser ginn. Déi geplangte Baisse vun der Steier fir Betriber op 25 Prozent géif an 3 bis 4 Schrëtt ëmgesat ginn.