Op der franséischer Insel Mayotte, am indeschen Ozean, lafen d'Rettungsaarbechten weider op Héichtouren.

Bis ewell soll den Zyklon 21 Mënscheliewe kascht hunn. Iwwer 1.400 Leit goufe blesséiert. Et gëtt awer gefaart, datt de Bilan nach vill méi uerg wäert ginn. 70 Prozent vun der Insel wiere vun der Katastroph betraff. Déi sanitär Situatioun wier och ganz schlecht an amgaangen, sech rapid ze degradéieren. D'Autoritéite schwätzen do vun Honnerten, wann net Dausende vu méiglechen Affer.

Elo huet um Dënschdeg de Moien déi international Federatioun vum Roude Kräiz an dem Rouden Hallefmound op dem soziale Reseau X matgedeelt, datt ee géing fäerten, datt méi wéi 200 Membere vum Roude Kräiz vermësst kéinte ginn.

De franséische President Macron huet annoncéiert, déi nächst Deeg op Mayotte wëllen ze reesen. Et soll dann och een nationalen Trauerdag dekretéiert ginn.