Dronen iwwer den USA "all legal"
© AP via AFP
Onbekannt Fluchobjeten, déi iwwer d'US-Küst fléien, ma keng offiziell Erklärung. Zanter Deeg gëtt spekuléiert, wat op de Videoen aus den USA ze gesinn ass.
Zanter Woche suerge Videoe vu "Fluchobjeten", déi iwwer d'US-Bundesstaaten New York an New Jersey fléien, fir Opreegung bei de Bierger. Opfälleg sinn dës Objeten duerch hir Luuchten, déi blénken. Bis ewell stoung besonnesch d'Kommunikatioun vum Wäissen Haus an der Kritik, well dës ze wënschen iwwreg gelooss hat.
Elo huet d'US-Regierung sech geäussert an erkläert, datt d'Dronen, déi op de Videoen ze gesi sinn, all "legal" ënnerwee waren. Deemno wieren et "kommerziell Drone souwéi Hobby- oder Policedrone" gewiescht, "déi all legal a rechtméisseg operéieren", heescht et e Méindeg vum Spriecher vum Nationale Sécherheetsrot John Kirby. Op den Opname wieren ausserdeem Fliger an deels Stären, déi fir Drone gehale goufen, ze gesinn.
D'Dronen haten déi lescht Zäit vill Bierger an der Regioun beonrouegt. Virun allem de Fait, datt et laang keng eendeiteg Kommunikatioun zu der Originn vun den Drone gouf, huet de Leit Suerge gemaach. Souguer aus den eegene Reie koum Kritik zu der Informatiounspolitik vum Joe Biden. Den demokratesche Senateur Chuck Schumer huet e Gesetz gefuerdert, fir d'Kooperatioun vun den Autoritéite bei der Identifikatioun a beim "Ofschoss" vu geféierlechen Dronen ze verbesseren.
Op d'Kritik ugeschwat, huet de Kirby dorop verwisen, datt iwwer eng Millioun Dronen an den USA registréiert sinn, vun deenen "deeglech Dausende" fir verschidden Zwecker benotzt géingen. Zu Boston goufen doriwwer eraus zwee Männer festgeholl, deenen "geféierlechen Asaz vun Dronen" um internationale Fluchhafen an der Stad reprochéiert gëtt.