Et ass elo annerhallef Woch hier, dass déi islamistesch Miliz Sahad Harir al -Sham, kuerz HTS, de Bashar al-Assad gestierzt huet.

Den RTL-Korrespondent Philip Crowther ass den Ament an der syrescher Haaptstad Damaskus an huet d'Situatioun fir eis analyséiert.

Mariette Zenners: 

D'Vollek op der Plaz huet de Wiessel gefeiert. Am Ausland gëtt d'Situatioun mat Virsiicht observéiert, well et sech mat HTS awer ëm e Grupp handelt, dee vun der UNO zum Beispill als Terrororganisatioun agestuuft gëtt. Wéi geet et elo mat Syrien virun? Do stelle sech vill Froen. Am Ufank hues gouf d'Situatioun als zimmlech friddlech beschriwwen. Wéi huet sech dat Ganzt elo entwéckelt déi lescht Deeg?

Philip Crowther:

Jo, friddlech ass et nach ëmmer hei zu Damaskus. Eng Zort Alldag kënnt elo zréck. Et ass en neien Alldag natierlech fir d'Syrier hei zu Damaskus an och am Rescht vum Land, dee vun de Rebellen elo kontrolléiert gëtt. D'Schoulen, déi sinn nees op, d'Geschäfter och. Et gouf haut den éischte Fluch vun Damaskus Richtung Aleppo, mee déi staatlech Institutiounen, déi fonctionéieren trotzdeem nach ëmmer net esou richteg. Esou Saache brauchen dach e bëssen Zäit. Mee d'Gefill, wat een hei huet, ass trotzdeem ee vun Euphorie, vu Freed, vun Erliichterung, vun och e bëssen Angscht, wat dann elo kënnt mat dëse Rebellen, mat dësen islamistesche Rebellen, déi elo hei un der Muecht sinn zu Damaskus. Mee jidderee seet eis, an och d'Schiiten, déi zum Deel, zéngdausende vun hinnen, hunn dëst Land verlooss an deene leschten zéng Deeg. Trotzdeem soen déi meescht eis: "Si hunn alles léiwer wéi de Regimm vum Bashar al -Assad." Mir gesinn hei iwwerall deen neie Fändel vun dësem neie Syrien, gréng, wäiss a schwaarz, mat deenen dräi roude Stären, dee kritt een iwwerall hei ze kafen. Mee an der Alstad kritt een och Erënnerungen drun un d' Realitéit vun dësem neie Syrien, iwwerall d' Postere vun de Leit, déi verschwonne si wärend dem Regimm vum Bashar al -Assad. An all Dag gëtt et méi Detailer zu de Massegriewer, déi entdeckt ginn, hei an der Géigend vun Damaskus, mee och am Rescht vum Land. Et ass scho gewosst, datt Honnertdausende Leit warscheinlech do fonnt ginn, datt Honnertdausende Leit ermort goufe vum Bashar al -Assad an och a sengem Prisongsystem verschwonne sinn."

De Grupp un der Muecht, d'HTS, huet annoncéiert, dass si déi verschidde Rebellegruppen am Land wëllen opléisen, hir eegen Truppe sollen an déi staatlech Arméi integréiert ginn. Ass en Zesummeschloss vun deene Gruppen iwwerhaapt méiglech oder kann ee sech virstellen, dass et en neit Libyen gëtt, wou déi verschidde Rebellegruppen am Fong d' Land awer zersplécken?

"Libyen ass dat perfekt Beispill vun deem, wat een hei a Syrien net wëll gesinn, e Land, wat kloer gespléckt ass, wou et zwou Regierunge gëtt a wou de Chaos den ament um Alldag steet. Dat wëll een hei net gesinn. Mee dëst Land ass nach ëmmer am Biergerkrich. Dodru muss een erënneren. Et ass nach ëmmer e Land, dat gespléckt ass. Zum Beispill am Norde gëtt gekämpft tëscht protierkesche Milizen an de syresche Kurden. Et gëtt och nach Deeler vun der Terrorgrupp vum Islamesche Staat, déi hei a Syrien existéieren. Mee trotzdeem gesäit een awer eng Transitioun hei an eng Iwwergangsregierung, déi an den Ae vun deene meeschte westleche Regierungen dach eng zimmlech gutt Aarbecht mécht bis elo. Mir gesinn och éischt Beispiller vun deem, wat kéint geschéie mat deene villen Zaldoten, déi ënnert dem Bashar al -Assad geschafft hunn. Haut huet eng Kolleegin zu Latakia, dat ass op der Mëttelmierküst gesinn, wéi Honnerte Leit, déi fréier Zaldote waren, fir de Bashar al -Assad, do hir Waffe wollten opginn, wa si déi nach net opginn haten, wärend deene leschten zéng Deeg. Si kréien e Pass, fir kënnen dräi Deeg laang fräi a Syrien dräi Méint laang an dësem Land ze reesen. An duerno kënne si villäicht nees Membere vun enger neier syrescher Arméi ginn. Dat ass ee Beispill vun deene ville Saachen, déi hei musse geschéien, fir datt en neit Syrien wierklech zestan kënnt."

Vill Länner hunn och elo annoncéiert, dass si rëm wëllen diplomatesch Bezéiungen zum neie Regimm ophuelen. D' Ausseminister vun der EU hu sech gëschter op eng gemeinsam Syrien -Politik gëeenegt. Et géif een och Bezéiungen zu den Islamisten ophuelen, awer ënner der Konditioun, dass den Afloss vu Russland ofhëlt. Konkreet freet een, dass russesch Militärbasen zougemaach ginn. Mee wéi en Afloss huet Russland iwwerhaapt nach am Land?

"Also déi zwou russesch Militärbasen, gëtt et nach ëmmer. Mee wat een awer ka gesinn, ass datt d'Truppe vun de Russen an och hir Panzer zum Beispill ofgezu ginn. Bis elo ginn déi Militärbasen, déi sinn op der Mëttelmierküst zu Latakia an zu Tartus vun de Rebelle beschützt. An et gouf nach keng Ugrëff vun dëse Rebellen oder vun aner Syrier géint dës Russen, déi, et muss een natierlech drun erënneren, déi ganz vill Ënnerstëtzung fir de Regimm vum Bashar al -Assad ginn hunn, wärend dësem Biergerkrich, dee bal véierzéng Joer gedauert huet. Et gëtt elo ganz vill Länner, déi wëlle méi Afloss hunn, hei a Syrien, mat der Absence natierlech vu Russland an dem Iran zum Beispill och. Mir gesinn Ambassaden, déi hei zu Damaskus opgemaach hunn, d' Katar an d'Tierkei zum Beispill. D' Europäesch Unioun seet, si wëll hir Delegatioun och opmaachen an déi franséisch Ambassade ass nach net offiziell op, mee de Fändel, deen ass awer schonn erëm do. Et sinn also alles Länner, déi wëllen Afloss hunn an dësem neie Syrien a si hoffen natierlech op eng friddlech Iwwergangsregierung an eng friddlech Transitioun, souwéi dat bis elo de Fall war. Et gëtt och eng Hoffnung vun der UN, datt et zu fairen a fräie Wale kéint kommen hei a Syrien no dëser Transitioun, awer verspriechend dozou gouf et vun de Rebellen, déi hei un der Muecht sinn, nach net."

D'Land ass nach laang net am Fridden. D'Tierkei flitt Loftattacken, och natierlech Israel huet do Interessen. D'USA attackéieren IS-Positiounen. Wat huet et mat dësen Ugrëff op sech?

"Et huet een d'Gefill hei zu Damaskus op d'mannst wéi wann déi israeelesch Loftattacken dach e bësse manner ginn. An deene leschte puer Deeg hu mer bal all Dag nach kënnen d'Explosiounen héieren. An och déi israeelesch Militärfliger, déi hei iwwert Damaskus geflu sinn, dat schéngt ofzehuelen. Vläicht ass et, well Israel bal all dat gepackt huet, wat si gesot hunn, wat si wollte maachen. Dat war op Nummer Sécher goen, datt d'Waffen, déi d' syresch Arméi hannerlooss hunn, net an déi falsch Hänn gelaangen. Dat wär an d'Hänn vun den Extremisten, seet Israel. Mä Israel profitéiert natierlech och vun dësem Moment an der Geschicht vu Syrien. Mir wëssen, et gëtt och israeelesch Truppen den Ament an der Pufferzon tëscht Israel a Syrien an de Golanhéichten. An et gëtt och israeelesch Truppen, déi schonn op syreschem Territoire sinn de Moment a kee Réckzuch schéngen ze organiséieren. Jidderee profitéiert e bësse vun där Situatioun, déi et am Moment hei a Syrien gëtt. An eent ass sécher: Eng syresch Arméi, sou wéi et se fréier gouf, déi gëtt et elo absolutt net méi zum Deel wéinst den israeelesche Loftattacken, mee och well all déi syresch Zaldoten hir Posten opginn haten, dee Moment, wou d' Rebellen hei an d' Haaptstad Damaskus ukomm sinn."