De Wladimir Putin sot bei senger 4 Stonne laanger Pressekonferenz op der russescher Tëlee, datt hien awer net wéisst, wéini hien den Trump géing gesinn.

"Ech si mer sécher, datt mer eis vill ze soen hunn." Russland wier prett fir Verhandlungen a Kompromësser.

Dës Pressekonferenz war gepräägt vun de russeschen Erfolleger an der Ukrain an dem Ufank vum 2. Mandat als US-President vum Donald Trump, dee jo gär eng séier Wafferou a Verhandlungen tëscht der Ukrain a Russland hätt.

Russland kënnt an der Ostukrain nees mat enger Vitess virun, wéi zënter dem Ufank vun der Militäroffensiv 2022 net méi. D'Situatioun un der Front géing sech grad drastesch veränneren, sou de Putin

Ob d'Fro, wéini déi ukrainesch Arméi aus der a Russland besater Grenzregioun Kursk erausgeheit géife ginn, sot de russesche President, datt hien dat am Moment leider net kéint äntweren.

Iwwerdeems sot de Wladimir Putin, datt een 2022 net preparéiert war op d'Offensiv. Et hätt ee misse méi fréi ufänken. Russland wier "getäuscht" ginn a "forcéiert" ginn, d'Offensiv ze starten.

Den 72 joer ale President huet gemengt, datt d'Inflatioun zwar ee besuergneserreegend Zeeche wier, mee "trotz Menacë vu baussen" wier déi ekonomesch Lag "stabil".