Fréieren Unesco-Direkter Federico Mayor Zaragoza gestuerwen
© AFP
De fréieren Unesco-Generaldirekter, de Federico Mayor Zaragoza, ass gestuerwen. Hien hat virun 30 Joer d'Stad Lëtzebuerg an d'Weltkulturierwen opgeholl.
De spuenesche Politiker Federico Mayor Zaragoza, dee vun 1987 bis 1999 Generaldirekter vun der Unesco war, ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen, wéi d'UN-Institutioun an d'Universitéit Granada, vun där hie Rekter war, en Donneschdeg matgedeelt hunn.
"Déi grouss Famill vun der Unesco trauert haut den Owend ëm de Federico Mayor", huet déi aktuell Unesco-Generaldirektesch Audrey Azoulay op X geschriwwen. "Hie war Wëssenschaftler, Diplomat an Dichter, dee sech d'Kultur vum Fridden zur Prioritéit gemaach an d'Aarbecht vun der Organisatioun op Mënscherechtsbildung a Konfliktpreventioun ausgeriicht hat."
"E Mann, dee sech fir d'Dignitéit vun de Mënschen asetzt an deem seng Aarbecht un der Spëtzt vun der Unesco e Wee vun universelle Wäerte virgezeechent huet, déi eis och no sengem Depart weider leede wäerten. Haut huele mir Abschid vun engem Mann, deen eis geléiert huet, vun enger besserer Welt ze dreemen", huet de spuenesche Ministerpresident Pedro Sánchez op X geschriwwen.
D'Universitéit Granada (UGR) "bedauert zudéifst den Doud vum Federico Mayor Zaragoza", wéi op hirem Site steet. "Hie war e groussen Intellektuellen an e bedeitende Wëssenschaftler", huet de Rekter Pedro Mercado betount.
Lëtzebuerg an d'Lëscht vun de Weltkulturierwen opgeholl
De Federico Mayor Zaragoza war wärend zwou Amtszäiten un der Spëtzt vun der UN-Organisatioun. Wärend där Zäit war den Unesco-Generaldirekter ënnert anerem zu Lëtzebuerg. Am Juli 1995 huet hien der Lydie Polfer, deemoleg an aktuell Buergermeeschter vun der Stad, offiziell de grousse Pergament ginn, deen d'Klassement vun de Quartiere vun der Alstad an hir Festungsmaueren als Unesco-Weltkulturierwe confirméiert huet. Déi gutt Nouvelle war schonn e puer Méint virdrun am Dezember 1994 annoncéiert ginn. Also virun antëscht 30 Joer.
© RTL Archiv
Et war och de Federico Mayor Zaragoza, dee sech 1995 mat der Grande-Duchesse Maria Teresa getraff hat, fir hir ze proposéieren, Ambassadrice vum Gudde Wëlle bei der Unesco ze ginn, wat si och ugeholl hat. "Eis sproochlech Proximitéit - hien ass Katalan an ech si kubanescher Ofstamung - eis gemeinsam kulturell Wuerzelen a mäi Wonsch, mech mat dëser Aart vu Problemer ze befaassen, hu mech direkt positiv reagéiere gelooss. Ech hu mech dowéinst fir d'Aarbecht am Beräich vun der Educatioun vu Fraen a Meedercher, virun allem an aarme Länner, decidéiert", sot d'Maria Teresa méi spéit an engem Interview mat Saola.
Geléierte Biochemiker
De Federico Mayor Zaragoza, deen 1934 zu Barcelona gebuer ass, war geléierte Biochemiker an hat en Dokter an der Pharmacie. An der Regierung vum Adolfo Suarez war hien ënnert anerem vun 1981 bis 1982 Minister fir Educatioun a Wëssenschaft an huet déi "éischt Depistagë vun Neigebuerenen a Spuenien" gefërdert an domat e groussen Deel zu der "Fréierkennung vu rare Krankheeten" bäigedroen, schreift déi spuenesch Gesondheetsministesch Mónica García op X.