Mandat d'arrêt géint presuméierten Täter ausgestallt












































































Fënnef Leit sinn dout, iwwer 200 blesséiert: Nom Uschlag op e Chrëschtmaart zu Magdeburg muss de Verdächtegen an Untersuchungshaft.
No der déidlecher Faart mat engem Auto iwwert de Chrëschtmaart zu Magdeburg muss de presuméierten Täter sech ënnert anerem wéinst fënneffachem Mord a versichtem Mord a méi Fäll veräntwerten. D'Autoritéiten hunn e Samschdeg den Owend offiziell e Mandat d'arrêt géint de 50 Joer alen Dokter aus Saudi-Arabien ausgestallt, deen zanter 2006 an Däitschland war.
D'Motiv vum Attentat ass nach ëmmer onkloer. Den Enquêteuren no kéint de Mann onzefridde gewiescht si mam Ëmgang vun Däitschland mat saudesche Flüchtlingen. Selwer huet hie sech nach net geäussert.
Den Experten no wier de presuméierten Täter schwéier anzeuerdnen. Hien huet mat sengem Auto véier Fraen tëscht 45 a 75 Joer an e Jong vun 9 Joer ëmbruecht an iwwer 200 Persoune blesséiert.
Gedenken am Magdeburger Doum
E puer honnert Leit hu sech e Samschdeg den Owend am Doum zu Magdeburg versammelt, fir zesummenzestoen a Matgefill mat den Affer ze weisen. Ënnert hinne vill Membere vun de Rettungsekippen, och den däitsche Bundespresident Frank-Walter Steinmeier, de Kanzler Olaf Scholz an d'Inneministesch Nancy Faeser ware mat dobäi. Si huet an engem Interview mam ZDF vun engem "fuerchtbare Verbrieche" geschwat, dat ee matten am Häerz géif treffen. Et géif elo vu Fall zu Fall gekuckt ginn, wou d'Policepresenz op den däitsche Chrëschtmäert verstäerkt misst ginn.
Déi Responsabel vu Magdeburg verdeedegen hiert Sécherheetskonzept um Chrëschtmaart. Alles wier no "beschtem Wëssen a Gewëssen" zesumme mat der Police ausgeschafft ginn.
Virum Doum hate sech méi wéi dausend Leit versammelt, fir mat ze traueren.
Rietsextrem Äusserungen op Demonstratioun
Et koum e Samschdeg awer och zu rietsextreme Protester zu Magdeburg. De Kanzler gouf bei senger Visitt op der Onglécksplaz ausgepaff an e Samschdeg den Owend hu Leit mat sougenannten "Heimat-Fändelen" an engem Banner demonstréiert, op deem "Remigration" a "Schluss mit der Politik gegen das eigene Volk" ze liese war. Bei enger Manifestatioun koum et och zu Affrontementer, schreift den MDR. Déi Rietsextrem haten zanter e Freideg den Owend op Telegram fir dës Manifestatioun mobiliséiert.
Op de soziale Reseaue goufen och eng ganz Partie falsch Behaaptunge vu Rietsextreme verbreet. Direkt no der Dot hat et aus rietsextreme Kreesser geheescht, datt et sech beim presuméierten Täter ëm e Syrer géing handelen. Dobäi hat déi däitsch Police schonn e Freideg den Owend matgedeelt, datt et sech beim presuméierten Täter ëm e 50 Joer ale Mann aus Saudi-Arabien géing handelen, deen 2006 an Däitschland komm ass.
Vu rietsextremen Accounte goufen och al Videoen am falsche Kontext nei publizéiert. Esou goufe Videoe vu syresche Migranten an Däitschland, déi sech iwwer de Stuerz vum Baschar al-Assad freeën, nei eropgeluede mat der Behaaptung, d'Leit géingen den Uschlag op de Chrëschtmaart zu Magdeburg zelebréieren.