5 Doudeger, 200 Blesséierter - Kanzler Scholz schwätzt vu "fuerchtbarer Dot"
No der Festnam vum presuméierten Täter leeft d'Enquête zum Uschlag zu Magdeburg an Däitschland. D'Autoritéiten hu sech op enger Pressekonferenz geäussert.
Hei huet et e Samschdeg am Nomëtteg geheescht, datt et insgesamt 5 Doudeger an 200 Blesséierter ginn hätt. Ënnert den Doudege wier e Kand vun 9 Joer a 4 Erwuessener. Et gouf präziséiert, datt de presuméierten Täter eleng gehandelt huet an datt de 50 Joer ale Mann duerch Rettungsweeër op de Chrëschtmaart koum. Op där Plaz, wou de presuméierten Täter sech Accès zum Chrëschtmaart verschaaft huet, gouf et keng Ofspärung. Dat wier eng Plaz gewiescht, fir datt Ambulanzen a Pompjeeën an engem normalen Noutfall bäikommen, se wier awer vun der Police geschützt gewiescht.
Iwwer d'Motiv kann de Procureur bis elo just dat heite soen:
"Ich kann zur Motivation des Täters soviel sagen, dass nach gegenwärtigem Stand es so aussieht, dass Hintergrund der Tat - wie soll ich das jetzt formuléieren - Unzufriedenheit mit dem Umgang mit saudi-arabischen Flüchtlingen in Deutschland gewesen sein könnte, aber was da jetzt tiefer hinter sitzt, ist Gegenstand der Ermittlungen. Wir müssen da jetzt noch das Umfeld des Täters ausleuchten. Das können wir innerhalb der Zeit bislang noch nicht in der gewünschten Tiefe presentieren."
E Samschdeg an der Mëttesstonn hate sech och schonn de Bundeskanzler Olaf Scholz an de Ministerpresident vu Sachsen-Anhalt Reiner Haseloff der Press géigeniwwer zum Uschlag geäussert. An enger Reunioun gouf dat weidert Virgoe beschwat. De Ministerpresident huet iwwerdeems och de sëllege Membere vun de Rettungsekippe fir hiren Asaz Merci gesot.
Och de Kanzler huet a senger Reaktioun confirméiert, datt d'Zuel vun den Doudegen op fënnef geklommen ass. Vun den 200 Blesséierte solle sech doriwwer eraus der 40 an engem kriteschen Zoustand befannen. De Scholz huet betount, et misst een en vue vun dëser "fuerchtbarer, wansinneger Dot" elo "zesummestoen". Et wier och wichteg, fir dem Täter seng Handlung a seng "Motiver ze verstoen" an entspriechend mat strofrechtleche Konsequenzen ze reagéieren.
Wat ass geschitt?
E Freideg den Owend géint 19 Auer koum et zu enger grujeleger Attack op engem Chrëschtmaart zu Magdeburg an Däitschland. E Mann ass mat engem Auto duerch d'Mënschemass gerannt.
En Auto ass mat héijer Vitess hei an d'Leit gefuer, déi grad tëscht de Bude vum Chrëschtmaart spadséiert sinn. D'Leit sinn a Panik fortgelaf, wat een och an engem Video gesäit, deen op de soziale Medien zirkuléiert. Den Auto mam Täter wier op d'mannst 400 Meter iwwert de Chrëschtmaart gefuer, heescht et vun engem Policespriecher.
D'Police vu Magdeburg hat d'Regioun ronderëm d'Gefier groussraimeg ofgespaart. De Verdacht, datt sech eng Bomm am Auto vum presuméierten Täter kéint befannen, huet sech der Police no net confirméiert.
Ee presuméierten Täter gouf festgeholl. De Chrëschtmaart gouf nom Uschlag zougemaach.

Festnam vum presuméierten Täter / © AFP
Wat ass iwwer d'Affer gewosst?
E Samschdeg de Moien ass d'Zuel vun Doudegen op fënnef geklommen, d'Zuel vun de Blesséierten iwwerdeems op 200. Dat haten däitsch Medie gemellt, d'Zuele goufen op der Pressekonferenz vun den Autoritéiten am Nomëtteg confirméiert. Ëm déi 40 Persoune sollen an engem kriteschen Zoustand sinn.
De Ministerpresident vu Sachsen-Anhalt Reiner Haseloff hat e Freideg den Owend scho matgedeelt, datt een nach mat weideren Doudege rechne misst. Aktuellem Stand no misst sech de Täter viru Geriicht wéinst fënneffachem Mord an 200-fachem versichte Mord veräntwerten.
Wien ass de Verdächtegen?
De Verdächtege gouf direkt nom Uschlag vun der Police festgeholl. Et handelt sech ëm e 50 Joer alen Dokter aus Saudi-Arabien, deen 2006 an Däitschland gereest ass. Zanter 2016 huet hien e Status als politesche Flüchtling an eng onbefrist Openthaltsgeneemegung. Recherchë vum WDR an dem NDR no, wier de Mann an der saudescher Exil-Communautéit ganz bekannt a souguer en Uspriechpartner gewiescht fir Leit, déi Asyl froen, besonnesch fir Fraen, sou schreift et déi däitsch ARD.
E Samschdeg de Moie si weider Detailer iwwer de Verdächtege public ginn. D'Klinick zu Bernburg huet dem MDR confirméiert, datt de presuméierten Täter an der Klinik geschafft huet. Hie war zanter 2020 op enger Statioun fir suchtkrank Mënschen agestallt. Hie wier rezent awer aarbechtsonfäeg gewiescht.
De Ministerpresident vu Sachsen-Anhalt Reiner Haseloff sot, de Mann wier een Eenzeltäter gewiescht. Och dat gouf vun de Autoritéite confirméiert. Fir d'Stad géing den aktuellen Erkenntnisser no keng Gefor méi bestoen. Den Täter-Auto, e schwaarze BMW, wier vum Täter gelount ginn.
Den Dokter wier net als Islamist bekannt gewiescht. Éischt Indicen op soziale Reseaue wéi X, weisen dass de Mann sech verfollegt gefillt huet. Hie wier extrem islamkritesch gewiescht an hätt eng Islamiséierung vun Däitschland gefaart. Hien huet och Contenu gedeelt mat rietsideologeschen Meenungen, dorënner vun der AfD-Politikerin Alice Weidel an dem Elon Musk.
De Mann hat MDR-Informatiounen no viru ronn engem Joer op der Plattform X geschriwwen, den däitsche Staat géing Flüchtlingen aus Saudi-Arabien verfollegen, fir hinnen hiert Liewen ze zerstéieren. Hie soll am Post eng "Revanche" annoncéiert hunn, dat huet d'Zeitung "Welt" e Freideg gemellt.
E Samschdeg de Moie gouf den X-Account vum presuméierten Täter gespaart.
An der Nuecht op e Samschdeg gouf zu Bernburg d'Wunneng vum presuméierten Täter duerchsicht.

© AFP
Zanter e Freideg den Owend sicht d'Police och no Hiweiser an Opname vun der Attack. Zeie kënne Fotoen a Videoen online eroplueden.
Zeeche vun Trauer
Als Zeeche vun Trauer bleiwen déi kulturell Institutiounen déi nächst Deeg zou, dat huet d'Stad Magdeburg e Samschdeg de Moie matgedeelt. Dorënner sinn ënnert anerem d'Theateren an och d'Muséeën.
E Samschdeg den Owend ass fir 19 Auer eng Gedenkstonn am Doum geplangt.
Wéi reagéiert d'Politik?
De Bundeskanzler Olaf Scholz hat sech e Freidegowend scho via X och un d'Affer an hir Familljememberen adresséiert, grad ewéi de Rettungsservicer Merci fir hiren Asaz gesot.
Scholz
Iwwerall aus der Welt kommen iwwerdeems Messagë vu Bäileed a Betraffenheet. Saudi-Arabien huet d’Attack zu Magdeburg verurteelt a weist Solidaritéit mat Däitschland. Et wier ee géint all Form vu Gewalt.
De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet sech och zudéifst schockéiert iwwer d’Attack gewisen.
D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet hiert Matgefill an engem Condoleance-Schreiwes ausgedréckt.
Den US-President Joe Biden nennt den Uschlag "schrecklech" an "eekelhaft". Keng Gesellschaft a keng Famill "sollt esou en düstere Moment erdroe mussen, virun allem e puer Deeg virun engem Feierdag vun der Freed a vum Fridden", betount de President een Dag nom Uschlag zu Magdeburg um Chrëschtmaart.
Den NATO-Chef Mark Rutte huet dem Olaf Scholz säi Matgefill ausgedréckt. D’NATO stéing un der Säit vun Däitschland.
Och de franséische President Emmanuel Macron huet säi Matgefill ausgedréckt.
Eenzeg Exceptioun ass den Elon Musk. Den Tech-Milliardär an zukünftege Regierungsberoder vum Donald Trump huet op senger Plattform X geschriwwen, de Kanzler Scholz misst direkt zerécktrieden. Hie wier een inkompetenten Idiot. A Schold un deem Ganze wier ongereegelt Massen-Immigratioun, sou de Musk.