Musel-Schleis kéint Ufank Februar nees opgoen

© THOMAS FREY DPAdpa Picture-Alliance via AFP
D'Reparaturen un der Musel-Schleis zu Müden an Däitschland géife méi séier virugoe wéi geduecht, dat huet de Mobilitéitsministère zu Berlin matgedeelt.
Zu Müden kéinten d'Noutschleisunge vun all de Schëffer un der beschiedegter Schleis scho viru Chrëschtdag ofgeschloss sinn. Wann alles gutt geet, wier ee bis Hellegowend fäerdeg, sou e Spriecher vum Wasserstraßen- und Schifffahrtsamt (WSA). Wann net, wier een Enn der Woch awer sou wäit. Eleng e Samschdeg konnten 11 bis 12 Schëffer geschleist ginn.
Déi fir d'Noutschleisung noutwendeg Handgrëffer wieren antëscht esou gutt agespillt an d'Vitess vun der Paart beim Héichfuere wier an d'Luucht gesat ginn, sou de Spriecher vun den zoustännegen Autoritéiten. Donieft géingen d'Aarbechter vum WSA mat vollem Asaz schaffen. D'Noutschléisunge funktionéiere mat enger provisorescher Paart, déi an an aus gebaut gëtt.
Reguläre Betrib vu Februar u geplangt
D'Schleis zu Müden war den 8. Dezember bei enger Kollisioun vun engem Cargoschëff schwéier beschiedegt ginn. Den Accident huet de Schëffsverkéier op der Musel brooch geluecht a 74 Schëffer hounge fest. Et geet een antëscht dovunner aus, datt d'Schleis den 1. Februar viraussiichtlech nees normal funktionéiere kann, dat huet de Mobilitéitsministère zu Berlin matgedeelt. Dat ass däitlech méi fréi wéi uganks gefaart. Experte waren dovunner ausgaangen, datt d'Aarbechte sech bis Enn Mäerz 2025 zéie kéinten.
De Schätzunge vu Politiker a Logistikentreprisen no läit de wirtschaftleche Schued duerch déi blockéiert Schleis bei e puer 100 Milliounen Euro. Betraff sinn ënnert anerem Stolentreprisen, Liewensmëttelproduzenten a Pëtrolsfirmen.