Et gëtt iwwer oppe Froen a Konsequenzen diskutéiert
D’Politik wëll méi schaarf Sécherheetsgesetzer, d’Police eng besser Vernetzung vun den Autoritéiten. Eens ass ee sech, datt alles muss opgeschafft ginn.
Déi däitsch Inneministesch Nancy Faeser huet dat versprach. Onkloer ass d’Motiv vum Mann an ob d’Autoritéiten Hiweiser zum Täter net Eescht genuch geholl hunn.
De 50 Joer alen Täter, dee viru bal 20 Joer aus Saudi-Arabien koum, war als islamkriteschen Aktivist bekannt, huet awer net sou richteg an e Raster gepasst. De Mann ass elo an Untersuchungshaft.
E Freideg den Owend ass hie mat engem gelounten Auto um Chrëschtmaart zu Magdeburg a Sachsen-Anhalt duerch d’Leit gefuer. E Kand vun 9 Joer a 4 Frae si gestuerwen. Iwwer 200 Persounen goufen deels schwéier blesséiert.
Zu Magdeburg selwer fänkt um Méindeg dann dat politescht Opschaffe vun der Attack un. Den "Ältestenrat vum Landtag" kënnt e Méindeg de Mëtteg beieneen an eng ganz Rei Landes-Ministere sinn invitéiert.
Fir de fréien Owend huet d’AfD op enger Manifestatioun invitéiert, d’Presidentin Alice Weidel gëtt erwaart. Parallel zu där Veranstaltung gëtt et eng aner Initiativ mam Numm "Gëff Haass keng Chance", déi zu Magedburg eng Mënschekette wëll maachen.