Wéinst engem Suicide vun engem Zuchchauffer op Hellegowend ginn et massiv Retarde bei der franséischer Bunn. Eng 3.000 Passagéier si concernéiert.

An der Haaptsaach um Reseau tëscht Paräis an dem Südoste vu Frankräich. Ëm 10 TGVe ware bis zu fënnef Stonnen a Verspéidung.

De Parquet vu Melun bei Paräis huet der franséischer Noriichtenagence gesot, de Chauffer wär wärend der Faart aus dem Zuch gesprongen. Seng Läich gouf duerno laanscht d'Schinne fonnt. Ouni Chauffer den steiert, wär den Zuch automatesch stoe bliwwen. Eng Prozedur an der Urgence. D'Passagéier waren ni a Gefor.

D'Enquête iwwer d'Ursaach vum Dout leeft. D'SNCF selwer schwätzt awer vu Suicide.