En eenheetleche Chargeur fir all elektronesch Apparater. Dat ass d’Zil vun der EU-Direktiv, déi den 28. Dezember 2024 a Kraaft getrueden ass.

Mat dëser Direktiv soll net just de Konsument entlaascht, mä och den Elektroschrott reduzéiert ginn. D’Anne Calteux, Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg, huet am RTL-Interview betount, datt all Joer 11.000 Tonnen elektresche Schrott entsteet. Dee soll op 1.000 Tonne reduzéiert ginn. Donieft soll de Konsument spueren. Aktuell géingen europäesch Konsumente pro Joer 240 Milliarden Euro fir Chargeuren ausginn.

D’Direktiv gëllt elo emol fir all nei Handyen, Tabletten, E-Readeren, portabel Spillkonsolen, awer och digital Kameraen, Tastaturen oder Imprimanten: Eng ganz Panoplie vun elektronesche Geräter bis 100 Watt si betraff.

Fir Laptoppe gëllt nach eng Iwwergangszäit bis Abrëll 2026. D’Upassung wier do méi komplizéiert an opwenneg, dofir gëtt een de Produzente méi laang Zäit, fir sech unzepassen.

D'EU hofft iwwerdeems, datt ee laangfristeg weltwäit op de Wee vun engem Standard-Chargeur geet.
D'Hiersteller missten och mat Kontrollen a méigleche Sanktioune rechnen, huet d'Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg nach präziséiert.

Eenheetlech Chargeuren an der EU / Reportage Claudia Kollwelter