Bei der Evakuatioun vu ronn 30.000 Leit wéinst engem Bëschbrand bei Los Angeles ass en Dënschdeg Panik ausgebrach.

Vill verängschtegt Awunner aus dem Quartier Pacific Palisades hunn deemno hir Autoen op enger vun den eenzege Stroossen, déi an d'Géigend eran respektiv nees eraus féiert, stoe gelooss a sinn zu Fouss virum 1.260 Hektar grousse Feier geflücht. D'Pompjeeën hunn Dosende Gefierer misse mat engem Bulldozer op d'Säit drécken, woubäi vill vun de Ween zerdréckt goufen.

RTL

© AFP

Trotz der chaotescher Evakuatioun goufe bis ewell nach keng Blesséierter oder Doudeger gemellt, wéi et vun der Cheffin vun de Pompjeeë vun der Stad Los Angeles heescht. Honnerte Pompjeeë kämpfe vum Buedem oder aus der Loft géint den immense Bëschbrand. Eng 30.000 Leit hu missen evakuéiert ginn.

D'Feier war am spéiden Dënschdegnomëtteg ausgebrach an huet sech séier a Richtung vum Quartier an der Géigend vun de Santa-Monica-Bierger ausgebreet, an deem vill Millionäre wunnen. E puer Villae sollen dann och scho verbrannt sinn.

"Mir sinn nach net ausser Gefor", huet de Chef vun de Pompjeeë vum Bezierk Los Angeles erkläert. Et wier domat ze rechnen, datt de Wand nach méi staark gëtt, wouduerch d'Läschaarbechten net richteg virukommen.