Dat desastréist Feier an der Nuecht op en Dënschdeg huet eng sëllege Mënscheliewe kascht.

Den tierkesche Justizministère huet en Donneschdeg de finale Bilan publizéiert. Alles an allem 78 Leit hunn duerch d'Feier hiert Liewe gelooss. D'Identifzéierungsaarbecht un den Affer wier elo ofgeschloss, heescht et weider.

E fréiere Bilan, deen e Mëttwochowend vum zoustännege Parquet zu Bolu publizéiert gi war, hat nach vun 79 Doudeger geschwat. Den Autoritéiten no wiere ganz Famillen an dem Feier, dat géint 3.30 Auer Lokalzäit am "Grand Kartal" an der nord-tierkescher Wantersport-Stad Kartalkaya ausgebrach war, ëmkomm.

Zanterhier goufen d'Virwërf vun Negligence vun Iwwerliewenden an Experten ëmmer méi haart. Si geheien dem Hotel vir, de Feieralarm hätt am Hotel mat 12 Stäck net funktionéiert.

D'Derya Basyilmaz, Presidentin vun der Architektekammer zu Ankara, huet der Noriichtenagence AFP op der Plaz iwwerdeems confirméiert, dat et am Gebai just ee Fluchtwee iwwer eng Trap gouf, déi dann awer net den Normen entsprach hätt.

Den Enseignant Necmi Kepcetutan, dee mat senge Schüler am Hotel iwwernuecht huet, wou d'Feier ausgebrach ass, huet vu sengen Erliefnisser an der Nuecht geschwat. Hien huet fënnef Schüler am Feier verluer, dee jéngste vun hinne just sechs Joer al. Eng Infirmière, déi hie kannt huet, ass viru sengen Ae gestuerwen, wou si a Panik aus dem brennende Gebai gesprongen ass. Vill aner Leit sinn op dës Aart a Weis gestuerwen, oder hu probéiert, sech mat uneneegebonnene Bettdicher ze retten.

Eelef Persounen, dorënner een Adjoint vum Buergermeeschter vu Bolu, de Pompjeeschef vun der Stad, de Besëtzer vum "Grand Kartal", säi Generaldirekter a säi Chef-Elektriker sinn am Kader vun der Enquête festgeholl ginn.