Dat mellt d'New York Times e Freideg de Moien. Ee Fluchlotse hätt Aufgaben iwwerholl, déi soss vun zwee Leit gemaach ginn.

D’Ursaach fir d’Kollisioun tëscht engem Militär-Helikopter an engem Passagéierfliger zu Washington an den USA ass nach onkloer. 50 Ermëttler sinn am Asaz, fir d’Ongléck opzeklären. En éischte Rapport soll et bannent den nächsten 30 Deeg ginn. 67 Mënsche sollen ëm d'Liewe komm sinn, 27 Läiche goufe bis ewell gebuergen.

Déi zwou Blackboxe goufen dann och elo gebuergen. Wéi d'US-Agence fir Verkéierssécherheet (NTSB) matdeelt, géifen d'Apparater elo an hire Laboen analyséiert ginn.

Wärend am Potomac-Floss nach no Läiche gesicht gouf, huet den US-President Donald Trump d'Virgängerregierung an hir Diversitéitsprogrammer fir d'Ongléck responsabel gemaach.

Den US-Medien no goufe bis en Donneschdeg den Owend 40 Läiche gebuergen. Am Ganze ware 67 Mënschen u Bord vun der verongléckter Maschinn.