Indicë fir "extremisteschen Hannergrond", Täter hat awer eng Openthaltserlabnis

© MICHAELA STACHE AFP
Zu München ass en Donneschdeg en Auto an eng Maniff vun der Gewerkschaft Verdi gerannt an huet eng 30 Leit blesséiert.
Wéi d'Police vu München op der Plattform X kuerz no der Dot matgedeelt huet, konnt de "Chauffer op der Plaz immobiliséiert ginn, vun him geet aktuell keng weider Gefor aus". Offizielle Sourcen no ass de Bilan op antëscht 30 Blesséierter geklommen, ënnert den Affer soll och e jonkt Meedche sinn.
Eng Policespriecherin hat d'Rumeuren en Donneschdeg de Mëtteg confirméiert, datt den Auto an eng Maniff vun der Gewerkschaft Verdi gerannt ass. Zu München an allgemeng an Däitschland gi Warnstreiken am Kader vun Tarifgespréicher am ëffentlechen Déngscht organiséiert. Donieft gëllt an der bayrescher Haaptstad eng erhéicht Alarmbereetschaft wéinst der Münchener Sécherheetskonferenz de Weekend, zu där ranghéich Politiker aus der ganzer Welt ureesen. Zum Tëschefall soll et deemno am Beräich vun der Kräizung vun der Dachauer Straße mat der Seidlstraße am Zentrum - net wäit ewech vun der Gare - komm sinn.

Däitsche Medien no ass bei verschiddene vun de Blesséierten net auszeschléissen, datt si a Liewensgefor schwiewen. Wéi d'ARD schreift, hätt e Kand missten op der Plaz reaniméiert ginn.
E Freideg huet de Verdächtegen dann elo Rendez.-vous virum Ermëttlungsriichter.
Wuel "presuméiert Attentat" an "extremisteschen Hannergrond"
Dem bayresche Ministerpresident Markus Söder no wier et e "presuméiert Attentat". De Verdächtege soll e 24 Joer alen Asyldemandeur aus Afghanistan sinn. "Mir reagéiere bei all esou Attentater virsiichteg, mä ech soen Iech och, datt eis Entschlossenheet wiisst. Et ass net den éischte Fall, a wie weess, wat nach geschitt", sot de Söder op der Plaz.
Am fréien Owend huet den Joachim Herrmann verschidden Detailer zum presuméierten Täter vum Attentat zu München kloergestallt a korrigéier. Anescht, wéi bis ewell geduecht, war de 24 Joer alen Afghan bis ewell net wéinst dem Klauen an engem Buttek an d'Viséier vun der Police geroden. Den Herrmann huet ausgesot, datt den Numm vum Mann wuel an engem Bericht stoung, well hien als Zeien ausgesot hat, wéi an engem Geschäft eppes geklaut. De Mann soll als Detektiv am Geschäft geschafft hunn.
Weider Saachen huet de bayreschen Inneminister an engem Interview mam Bayresche Rundfunk och misste kloerstellen. Esou war d'Asyldemande vum Mann net refuséiert ginn, mä hien hat esouguer eng Openthalts- an Aarbechtserlabnis vun der Stad München. Domadder rektifizéiert de Joachim Herrmann Informatiounen, déi hien deels selwer am Laf vum Dag public gemaach hat.
Weider huet den Herrmann gemengt, datt d'Opfer wuel "zoufälleg" ausgewielt goufen an de Mann net gezielt an d'Grupp vun de Verdi-Demonstrante gefuer ass. "Am Moment gi mer dovun aus, datt d'Zilgrupp hei, datt d'Affer aus de Reie vun de Verdi-Demonstranten éischter zoufälleg war. [...] Awer och deem musse mer nogoen".
D'Police hat dann och matgedeelt, datt de Mann wéinst Drogendelikter bekannt gewiescht wier. Hei hätt ee sech awer geiert, huet et méi spéit am Dag geheescht. Den Afghan wier bis ewell net opgefall gewiescht.
Der DPA no koum de Mann Enn 2016 als onbegleete Jugendlechen an Däitschland un a war an eng Ariichtung fir Jugendlecher komm. Virdru soll hien an Italien gewiescht sinn. Kuerz drop soll hien eng Demande op Asyl gestallt hunn, déi am September 2017 refuséiert gouf. Hien ass an Appell gaangen a krut och do net Recht.
Spéider am Nomëtteg koum dunn nach déi zousätzlech Nouvelle, dass et der Police no géif "Indicë ginn, fir en extremisteschen Hannergrond" vun der Dot. D'Zentralstell fir d'Bekämpfung vun Extremismus an Terrorismus beim Parquet zu München huet d'Ermëttlungen iwwerholl, esou d'Police weider.
Ob d'Dot a Relatioun mat der Sécherheetskonferenz steet, déi e Freideg zu München ufänkt, ass nach onkloer. An och ob se Auswierkungen op d'Konferenz wäert hunn.
Reaktioun säitens der däitscher Bundesregierung
De Bundeskanzler Olaf Scholz (SPD) fuerdert iwwerdeem, dass den Täter verurteelt an aus dem Land verwise gëtt. Hie kéint net op "iergendeng Nosicht" hoffen, sou de Scholz en Donneschdeg bei engem ëffentlechen Optrëtt zu Fürth. "Hie muss bestrooft ginn an hie muss d'Land verloossen", sou den däitsche Bundeskanzler. Hien huet d'Dot als "fuerchtbar" bezeechent a wënscht de Blesséierten eng vollstänneg Besserung.
Déi däitsch Inneministesch Nancy Faeser erkläert an deem Kader: "Elo geet et drëms, Liewen ze retten an all d'Hannergrënn opzeklären." Ma och si fuerdert "maximal Häert" bei de Konsequenze fir de jonke Mann aus Afghanistan. D'Gesetzer, fir Gewalttäter aus dem Land ze verweisen an nees zeréck an hiert d'Land ze schécken, wiere ""massiv verschäerft" ginn an déi missten elo "mat aller Konsequenz duerchgesat ginn".
Afghanesch Communautéit distanzéiert sech vun Attentat
Fir den afghanesche Kulturveräin zu München ass dës Dot "barbaresch" an "onmënschlech", esou de Mohammad Imran Sediqi, Virsëtzende vum Kulturveräin. "Esou Leit gehéieren net an Däitschland. Si sinn eng Gefor fir ganz Däitschland an och fir déi afghanesch Communautéit", esou de Sediqi weider. Och wann de Mann depressiv oder traumatiséiert gewiescht wier, ass dat keng Entschëllegung. "Dat kann een net esou hinhuelen, wann an eisem München, wat mir all esou gär hunn, esou eppes passéiert."