JD Vance warnt: Meenungsfräiheet ass an Europa um "Wee vum Réckzuch"
Op der Sécherheetskonferenz zu München huet den US-Vizepresident JD Vance eng Ried gehalen a sech a verschiddene Sujeten un d'Europäer geriicht.
Meenungsfräiheet geet an Europa zeréck
"A Groussbritannien an a ganz Europa ass d'Meenungfräiheet, esou fäerten ech, um Wee vum Réckzuch", esou den JD Vance e Freideg zu München. Hien huet kritiséiert, datt Meenungen dacks als Desinformatioun agestuuft a poursuivéiert ginn.
Zu der Roll vun den USA am Zesummenhang mat den aktuelle weltwäite Spannungen, sot de Vance: "Zu Washington ass en neie Sheriff an der Stad. An ënnert der Féierung vum Donald Trump wäerte mir villäicht net Ärer Meenung sinn, awer mir wäerten dofir kämpfen, Äert Recht ze verdeedegen, dës Meenung ëffentlech ze äusseren. Ob mer domadder averstane sinn oder net."
Den US-Vizepresident huet seng Virwërf vum Ugrëff op d'Meenungsfräiheet an Europa u méi Beispiller festgemaach. Ënner anerem un engem Geriichtsurteel aus Schweden vun Ufank Februar. Do war en Exil-Iraker wéinst dem Verbrenne vum Koran wéinst "Hetz géint eng ethnesch Grupp" verurteelt ginn. A méi wéi eng Kéier huet de Vance d'Walen a Rumänien als Beispill geholl. Nodeem am November gewielt gouf, goufen dës annuléiert, well de Verdacht bestanen huet, datt Russland sech agemëscht hätt.
Dowéinst sot den Vance zu den "europäesche Frënn": "Dir kënnt mengen, datt et falsch ass, datt Russland Reklammen op de soziale Medien keeft, fir Walen ze beaflossen. Mir si ganz sécher dëser Meenung. Dës Meenung kënnt der och op der Weltbün deelen. Awer wann Är Demokratie mat e puer honnertdausend Dollar aus engem anere Land fir digital Reklammen kann zerstéiert ginn, da war se souwisou net staark".
Méi Oppenheet géintiwwer populistesche Parteien
Den US-Vizepresident huet déi europäesch Staaten opgeruff, sech méi oppe géintiwwer "populistesche Parteien" ze weisen. "Wa Mënschen, wa politesch Leader e wichtegen Deel vun der Wielerschaft vertrieden, ass et eis Flicht, op d'mannst mat hinnen an den Dialog ze kommen."
Fir de Vance ass déi gutt Noriicht, datt "ech der Meenung sinn, datt d'Demokratie wesentlech manner ufälleg sinn, wéi vill Leit wuel fäerten". Hie wier der Iwwerzeegung, datt déi europäesch Demokratien "nach méi staark" ginn, wa si et de Bierger erlaben, "hir Meenung auszedrécken".
Iwwert d'Kritik, datt de räichste Mënsch vun der Welt sech an déi däitsch Walen amëscht, sot den JD Vance, datt Däitschland sech dorunner muss winnen. "Wann déi amerikanesch Demokratie 10 Joer Greta Thunberg ausgehalen huet, kënnt Dir och e puer Méint Elon Musk iwwerliewen", esou de Republikaner, dee sech och kloer géint déi sougenannt Brandmauer géint d'AfD ausgeschwat huet. "Demokratie berouen op dem hellege Prinzip, datt d'Stëmme vun der Bevëlkerung zielen. Do ass keng Plaz fir Brandmaueren".
Kritik un Immigratioun an Europa
Den JD Vance huet Europa viru weiderer Migratioun gewarnt. "Virun all den Erausfuerderungen, mat deenen d'Natiounen, déi hei vertruede sinn, confrontéiert ginn, gëtt et menger Meenung no näischt méi Dréngleches wéi d'Massenimmigratioun". Ënner anerem huet den US-Vizepresident op dat méiglecht Attentat zu München vum Donneschdeg verwisen. "Et ass eng schrecklech Geschicht, awer mir hu se scho vill ze dacks an Europa héieren a leider och vill ze dacks an de Vereenegte Staaten." Dowéinst huet den US-Vizepresident den europäesche Partner och eng Fro gestallt "Wéi dacks musse mer nach esou Réckschrëtt materliewen, éier mer eis Direktioun änneren an eis gedeelten Zivilisatioun an eng nei Richtung beweegen?"
Et wier elo un Europa, fir eng Schëpp dropzeleeën a sech ëm déi eege Sécherheet ze këmmeren, esou de Vance weider.