Nach ëmmer keng Spuer vum Johann Williams

© Famill vum Johann Williams
D’Famill vum 20 Joer ale Student, déi zum Deel hei zu Lëtzebuerg wunnt, probéiert alles, fir de jonke Mann erëmzefannen.
De Johann Williams gëtt zanter dem 13. Februar op Kreta vermësst, hie wollt warscheinlech op den 2.000 Meter héije Bierg Gingalos klammen. D’Famill beklot, dass d’Autoritéiten op der griichescher Insel laang gebraucht hunn, fir ze reagéieren an huet selwer mat Hëllef vu private Spenden eng Sichaktioun an d’Weeër geleet.
E Méindeg ass op der Plaz een Helikopter gestart an et gouf mat Drone gesicht. Allerdéngs huet staarken Niwwel d’Aarbecht vun den Ekippen immens schwiereg gemaach .
"Dir musst iech dat virstellen, wéi wann een am décken Niwwel Schi fuere wëll, Dir gesitt guer näischt", esou huet eng vun de Schwëstere vum Jong der Famill hei zu Lëtzebuerg verzielt. D’Ex-Fra vum Papp vum Johann, d'Pascale Schiltz, ass dauernd a Kontakt mat Famill a Frënn op der Plaz. Hiren Ex-Mann wunnt zu Rolleng. Hien huet mat senger zweeter Fra véier Kanner, dorënner eben de Johann, deen zu Heidelberg studéiert an all zweete Weekend op Lëtzebuerg kënnt. De Jong ass Trail-Leefer a wollt op Kreta trainéiere goen .
An den nächsten Deeg sollen och weider Hondsfürer mat Sichhënn op der Plaz ukommen. Allerdéngs, wéi d’Pascale Schiltz erkläert, ass och net all Sichhond fir all Terrain ausgebilt. Déi eng sinn éischter Bierghënn, anerer si forméiert, fir Äerdbiewenaffer ze fannen. Ënnerscheeder ginn et natierlech och fir den Hond, ob no enger lieweger Persoun oder no enger Läich gesicht gëtt.
"Mir wëllen einfach wëssen, wat geschitt ass", esou déi verzweiwelt Famill. "Dass mer op d'mannst säi Kierper erëmfannen."

Dëst ass déi offiziell Vermësstemeldung vun de griicheschen Autoritéiten.
D’Regioun, an där de Johann fir d'Lescht kéint gewiescht sinn, kann agegrenzt ginn, well hie senger Schwëster seng Koordinate geschéckt hat. Dat war den 13. Februar mëttes. "Warscheinlech war hien do schonn an enger net ongeféierlecher Situatioun", esou d’Pascale Schiltz, "soss huet hien ni Koordinate geschéckt".
Seng lescht SMS un d’Schwëster war awer dunn, "Alles bestens", donneschdes am Nomëtteg an duerno ass kee Message vun der Famill méi duerchgaangen.
An der Regioun vun de Koordinate gouf e Méindeg probéiert eng Spuer vum jonke Mann ze fannen, mee d’Siicht war einfach ze schlecht an den Terrain ass zimmlech geféierlech. D'Famill huet e private Spendenopruff gemaach. Mat de Sue konnt zum Beispill den Helikopter vun e Méindeg bezuelt ginn.