"Trump seet Saachen, déi vu villen amerikanesche Presidente gesot gi sinn"
De fréiere Staatsminister a President vun der EU-Kommissioun schwätzt am RTL-Interview iwwer d'Relatiounen tëscht EU an USA am Kontext vum Ukrain-Krich.
Den Donald Trump, deen den ukrainesche President als Diktator vernennt, dee mat falschen Zuelen, Entschiedegunge vun der Ukrain verlaangt. Deen dem russesche President Putin säin Narrativ iwwerhëlt. Do reagéiert de Jean-Claude Juncker mat Erstaunen, an enger gudder Portioun Roserei:
"Fir vun der Ukrain ze verlaangen, de Waffen-Asaz vun den Amerikaner eigentlech ze bezuelen, wou dat Land muss nees opgebaut ginn an all Su selwer brauch fir eegen Zwecker, dat geet e bësse wäit. An et ass och eng gewësse Form vun Irrespekt dem ukrainesche Vollek géintiwwer."
Iwwer Nuecht konnten zu Washington Marcon an Trump net all d'Differenzen tëscht Europa an den USA aus der Welt schafen. De franséische President schéngt awer d'Europäer e Stéck méi no un de Verhandlungsdësch bruecht ze hunn.
"Dass een am Endstadium, do wou d'Léisung fonnt gëtt, dat géif ouni d'Ukrainer an och ouni d'Europäesch Unioun, dat ass och eng Onkenntnes vun de geostrateegeschen Equiliberen, déi een um europäesche Kontinent muss hierstellen."
Et wier ze fréi, d'Ukrain an d'NATO opzehuelen, wann de Krich nach amgaangen ass. Spéider schléisst de Jean-Claude Juncker dat net aus.
"D’USA a Russland hunn ëmmer probéiert, déi eenzel Memberstaate vun der EU auserneen ze dividéieren"
Wat d'Europäesch Unioun ubelaangt, sou léisst de fréiere President vun der EU-Kommissioun de Reproche net gëllen, d'EU wier iwwer déi lescht 10 Joer, ze passiv gewiescht:
"De Putin ass einfach der Meenung, dass d'Ukrain kee Recht huet op eng eegestänneg Existenz. An en huet och kee Respekt virun alen europäesche Reegelen, déi wëllen, dass een déi territorial Uerdnung an Onverletzlechkeet vun den Territoire géif respektéieren. Ech kennen deen e bëssen, de Putin, den Trump iwwregens och. Déi zwee -Russland an Amerika - hunn ëmmer dofir gesuergt, dass d'Europäesch Unioun sech net soll abilden, si wier eng Entitéit aus eegener Kraaft. Mee si hunn ëmmer probéiert, déi eenzel Memberstaate vun der Europäescher Unioun auserneen ze dividéieren."
"Den Trump seet Saachen, déi vu villen amerikanesche Presidente gesot gi sinn"
Vu Washington bis München. D'Amerikaner hunn déi lescht Wochen d'Europäer frontal, verbal ugegraff. Ass domat déi transatlantesch Zesummenaarbecht futti?
"Den Trump seet Saachen - notamment, dass d'Europäer misste méi e grousse Beitrag fir hir eege Verdeedegung leeschten -, déi vu villen amerikanesche Presidente gesot gi sinn. Deen éischten, dee mer dat entgéintgehalen huet, war de President Clinton. Dat war 1995. Dat ass schonn eng Zäit laang hier. Dat sinn also keng nei amerikanesch Positiounen. Mee d'Aart a Weis, wéi den Trump sech artikuléiert, op eng irrespektiéis Aart a Weis, leschten Enns, dat ass total nei."
Iwwer d'Form eraus géif den Donald Trump weisen, datt en net vill Wäert op d'Meenung vun den Europäer leet.
Wat bedeiten d’Spannungen aus de leschte Woche fir d’NATO?
Fir erauszefannen, wat d'Spannunge vun de leschte Woche fir d'NATO bedeiten, misst een den nächsten NATO-Sommet, am Summer ofwaarden, sou de Jean-Claude Juncker.
"Ech war bei e puer NATO-Sommeten derbäi, wou den Trump och war. Dee schwätzt do relativ riicht eraus, e bësse méi frëndlech wéi wann en eleng ass. Dee verstoppt seng eigentlech Absichten net."










De Jean-Claude Juncker gleeft iwwerdeems net net un e séiere Friddensaccord.
"Ech ginn éischter dovun aus, obschonn ech dat net gären hunn, datt et ee Waffestëllstand gëtt. Mee wann et just ee Waffestëllstand ass, deen all Moment kann ënnerbrach ginn, wou ee keng Garantien huet iwwert d'Erhale vum Waffestëllstand, wann et zu engem sougenannte 'Frozen conflict', zu engem agefruerene Konflikt kënnt, dann ass dat keng Léisung, déi op Dauer Bestand huet."
Datt Russland den direkte Konflikt mat der NATO sicht, doru gleeft de Jean-Claude Juncker éischter manner:
"D'NATO ass Russland militäresch onendlech dacks iwwerleeën. Sou dass ech net gleewen, dass een intelligenten, russesche President e Krich mat der NATO géif sichen, deen e géif kréien, wann en nach een anert Land géif attackéieren. Mee en ass natierlech frou iwwert dat, wat den Trump seet, nämlech, dass wann d'Europäer net géife bezuelen, hien och net géif intervenéieren, fir se ze verdeedegen, wann se géifen ugegraff ginn. Mee ech mengen net, dass dat geschitt."
Op d'Fro, ob Europa am Stand ass, sech ouni d'Amerikaner ze verdeedegen, gëtt et e Kategoreschen "Nee", vum Jean-Claude Juncker. Europa wier ënner-bewaffent. Dat well mer an den 90er Jore gemengt hätte, mir kéinte vun der Friddensdividend profitéieren.
"Nee, mir sinn net am Stand, eis länger Zäit selwer ze verdeedegen. An dofir geet et net ouni d'Amerikaner. Mir gesinn och näischt ouni d'Amerikaner. Eis Opklärungssystemer sinn näischt wäert ouni d'Amerikaner. Dat wëssen d'Russe selbstverständlech. Dofir kann ech dat jo roueg soen. Mir musse séier eis militäresch besser opstellen."
An do géif sech Haut d'Fro stelle wien dat bezilt? Ma de fréiere President vun der EU-Kommissioun plaidéiert, dass d'EU zesumme Sue léint. 1999, hätt hien dat schonn emol virgeschloen.