Bouf vun ugeklotem Dokter hat "glécklech Kandheet"

D'Ex-Fra vum Joël Le Scouarnec virum Geriicht zu Vannes / © Damien Meyer / AFP
Am franséische Mëssbrauchsprozess mat bal 300 Affer huet de jéngste Bouf vum Ugeklote seng Famill als "normal" beschriwwen.
Hien hätt vun den "schrecklechen Doten", zu deenen de 74 Joer ale fréiere Chirurg Joël Le Scouarnec sech e Méindeg bekannt hat, näischt matkritt, sot de 37 Joer ale Mann en Dënschdeg virum Geriicht zu Vannes.
"Ech sinn dovu gewuer ginn, wéi hien 2017 festgeholl gouf." Seng Kandheet hätt hien als glécklecht. Säi Papp wier ëmmer fir hien do gewiescht. "Ech hunn eng gutt Erënnerung u mäi Papp", huet de Mann nach betount. Dëst wier och de Grond, firwat hien zanter 2017 kee Kontakt méi zu sengem Papp wëll hunn. "Ech wollt dat Bild vun him behalen."
Hien denkt net, datt hie selwer vu sengem Papp mëssbraucht gi wier. Mä déi "emotional Chute", nodeems säi Papp festgeholl gouf, hätt hie mësstrauesch gemaach. "Ech loosse mäi Bouf ni mat enger eenzeler Persoun eleng", sot hien iwwer säin dräi Joer aalt Kand.
"Et muss een den Ugeklote vum Papp trennen, deen dofir gesuergt huet, datt et mir gutt goung", sot hien, wéi hien eng éischt Kéier op den Ugeklote gekuckt huet, deen doropshin de Brëll ausgedoen a sech offensichtlech touchéiert d'Hänn virun d'Ae gehalen huet.
En Dënschdeg den Owend sollt nach d'Ex-Fra vum Ugekloten, déi antëscht gescheet ass, aussoen. Si gëtt vu verschidden Affer verdächtegt, hire Mann zäitweis gedeckt ze hunn. An engem Interview hat si viru Kuerzem awer erkläert, datt si näischt dovu gewosst hätt. Si war mat enger grousser Kaputz, Mask an Händchen an d'Geriicht gaangen.
Dem Joël Le Scouarnec gëtt reprochéiert, 256 Jongen a Meedercher, déi manner wéi 15 Joer al waren, ënnert dem Virwand vun Ënnersichungen oder ënner Narkos mëssbraucht ze hunn. Am Prozess geet et am Ganzen ëm 299 presuméiert Affer, déi an der Moyenne 11 Joer ale waren. Ënnert den Affer waren awer och e Kand vun engem Joer an e Mann vu 70 Joer. Dem Ugeklote ginn deemno 111 Vergewaltegungen an 189 sexuell Iwwergrëff an engem Zäitraum vun zweeanenhalleft Joer reprochéiert.