D'USA hunn der Ukrain den Zougang zu Satellittebiller gespaart. Ouni dës strategesch wichteg Biller geréit d’Ukrain militäresch massiv ënner Drock.

Moskau profitéiert den Ament kloer vun enger politescher Decisioun vun der neier US-Regierung ënnert dem President Trump: Nom Stopp vun der Militärhëllef däerfen elo och privat Entreprisë Kiew keen Zougang méi zu strategesch wichtege Satellittebiller ginn.

Mat 22 Joer Erfarung am Geschäft mat Satellitten, erkläert de Ferdinand Kayser, datt et kaum e Beräich an der moderner Krichsféierung gëtt, wou net Satellitten hir Roll ze spillen hunn:

"Et ginn engersäits Navigatiounssatellitten, wéi GPS a Galileo, déi am Krich bien entendu och eng wichteg Roll spillen, wann et drëm geet Zildaten ëmzesetzen. Da ginn et d'Observatiounssatellitten, et ginn d'Kommunikatiounssatellitten. An da ginn et Militärsatellitten, fir déi sougenannten ISR-Applikatiounen. ISR steet fir Intelligence, Reconnaissance a Surveillance."
 
Musk verléiert Kredibilitéit, wann hie Starlink ofschalt
 
Net just wann et drëms geet, russesch Attacken ofzewieren, féiert fir d'Ukrain kee Wee laanscht de Weltall. Kiew ass och vun amerikanescher Technologie ofhängeg, geet et drëms eng Buedemrakéit, prezis ze guidéieren. 
Enke Vertraute vum President Trump huet den Elon Musk dermat gedreet, déi iwwer 42.000 Starlink-Antennen an der Ukrain ofzeschalten. Si déngen dem Militär fir d'Kommunikatioun, awer och fir Dronen ze steieren.

"Dass Starlink ofgeschalt gëtt, kann ech mer, et soll een ni, ni soen, bei der jëtzeger Situatioun an Amerika, awer kann ech mer och bei vill gudde Wëllen net virstellen. Well domadder géif Starlink sech dekredibiliséiere bei all hiren anere Clienten. A wa se géifen ofschalten, wär et och net esou einfach, se duerch aner Reseauen, duerch een anere System, wéi dee vu 'One Web' vun Eutelsat hat zum Beispill, z'ersetzen. Well dat si ganz aner Terminalen, déi si vill méi deier."
 
Sinn d'Amerikaner z'ersetzen? 
 
D'Äntwert kléngt wéi eng kal Dusch: Net duerch d'Europäer. Si kënnen net mathalen. An awer, mat Bléck op Lëtzebuerg, d'SES ass gefrot.

"D'NSPA vun der NATO huet rezent emol och nach eng Kéier bestätegt, confirméiert, dass si d'Capacitéit bei O3B mPower kaf hunn, fir Applikatiounen, fir Verwäertung vun der NATO a vun NATO-Memberstaaten. An da, bien entendu, gëtt et GovSat. Dee Satellit ass elo schonn ausgelaascht an do fänke se un ze schwätze vun engem Zweeten. Dat heescht, Lëtzebuerg spillt effektiv an deem Beräich eng wichteg Roll."
 
D'Roll vum Standuert Lëtzebuerg gëtt nach méi wichteg
 
Wann endlech emol de Lëtzebuerger militäreschen Äerd-Observatiouns-Satellit LUXEOSys, no grousse Startschwieregkeeten operationell wäert sinn. Eng aner sougenannt Constellatioun vun der EU soll bis 2030 op Orbit sinn. Déi 300 Iris-Square-Satellitten, déi dann Europa eng onofhängeg, ofgeséchert, souveräne Connectivitéit liwweren.

"Dat ass sécherlech e ganz wichtege Projet fir d'europäesch Zukunft a fir de Lëtzebuerger Ekosystem. Well d'Lëtzebuerger Regierung jo och entscheet huet, dass se ee vun deenen dräi operationelle Kontrollzentere vun Iris-Square zu Lëtzebuerg hunn."
 
Satellitten, Dronen, Cyber-Defense
 
Segmenter déi Lëtzebuerg am aktuelle Kontext doudsécher weider ausbaue kéint, wann de politesche Wëllen do ass, sou de Ferdinand Kayser.