Donald Trump
"Vandalismus géint Tesla-Autoe méi schlëmm wéi Attack op Kapitol"

© Ethan Miller / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Den Donald Trump fënnt den aktuelle Vandalismus géint Tesla-Autoen, eegenen Aussoen no, méi schlëmm wéi d'Attack op de Kapitol viru véier Joer.
De Republikaner huet sech bei engem Optrëtt am Wäissen Haus driwwer beklot, datt iwwerall Autoe vu sengem Vertrauten Elon Musk géifen brennen an explodéieren. D'Leit déi dat maache géifen, wieren "Terroristen" a si géife riskéieren bis zu 20 Joer an de Prisong ze kommen. Den amerikanesche Justizministère huet bis elo 3 Inculpatiounen an deem Kontext bekannt ginn.
Am meeschte gelies