Obwuel den Drock op den US-President wiisst, huet den Donald Trump déi markant Sécherheetspann op en Neits erofgespillt.

Nodeems rezent opgedeckt gouf, datt e Journalist Mëtt Mäerz iertemlecherweis an e Gruppenchat ageluede gi war, an deem ranghéich Vertrieder vun der US-Regierung geheim Militärpläng am Jemen beschwat hunn, stellt den US-President Trump sech weiderhin hannert säi Verdeedegungsminister. "Hien huet näischt domat ze dinn", huet den Trump e Mëttwoch op d'Fro vun der Noriichtenagence AFP geäntwert, ob de Pete Hegseth säi Poste wéinst dem Skandal sollt iwwerdenken. "Wéi kënnt Dir den Hegseth an déi Saachen eranzéien? Dat ass alles eng Hexejuegd!"

Donieft huet den Trump dovu profitéiert, fir seng Behaaptung ze widderhuelen, datt keng als geheim klasséiert Informatioune weidergi gi wieren. Ausserdeem hätt den Nationale Sécherheetsberoder Mike Waltz d'Responsabilitéit fir d'Pann schonn iwwerholl.

Den "The Atlantic"-Chefredakter Jeffrey Goldberg hat Ufank der Woch an engem Artikel public gemaach, datt hien duerch en Iertum an e regierungsinternen Chat op Signal ageluede gi war, an deem ënnert anerem den US-Ausseminister Rubio, de Verdeedegungsminister Hegseth an den Nationale Sécherheetsberoder Mike Waltz sech iwwer konkreet Ugrëffspläng géint d'Huthi-Miliz am Jemen ausgetosch hunn.