An engem Interview mam NBC huet den US-President wësse gedoen, datt "vill Leit" wéilten, datt hien eng drëtt Amtszäit ustrieft.

Dat, obwuel déi amerikanesch Constitutioun aktuell nëmmen zwou erlaabt. Fir en drëtte Mandat méiglech ze maachen, géif et "Methode" ginn, sou den US-President, dee schonn an deene leschte Méint änlech Remarquë gemaach hat. Zwar sot hien am November schonn, datt hie wuel net nach emol kandidéiere wäert, "et sief, dir sot mir: 'Hien ass esou gutt, datt mir e Wee fanne mussen'".

Schonn am Juli sot hie bei engem ëffentleche Walkampfoptrëtt zu de Leit, si missten "net méi wiele goen", falls hien d'Presidentielle géint d'Kamala Harris gewanne wäert. D'Limitt vun zwee Mandater als US-President ass zanter 1951 an der Constitutioun verankert.

Russland mat Sanktioune gedreet, dem Iran mat Bommen

A sengem Interview mam NBC hat den Trump ausserdeem Menacë géint Russland an den Iran ausgeschwat. Iwwert dem russesche President Putin säi Verhalen am Kontext vun de Verhandlungen iwwert eng Wafferou huet hie sech "rose" gewisen. De Putin hat jo dem ukrainesche President Selenskyj seng Glafwierdegkeet a Fro gestallt. Wa Russland kenger Wafferou zoustëmme géif, kéinten d'USA Moskau Taxen an Héicht vu bis zu 25% op Pëtrol operleeën, esou den Trump. No senger Reunioun mam finnesche Premier Stubb, hat dësen op enger Pressekonferenz gesot, datt d'USA e Sanktiounspak géint Russland virbereede géifen.

Och géint den Iran huet den Trump Menacen ausgeschwat. Dat nodeems den iranesche President Peseschkian direkt Verhandlunge mat den USA ausgeschloss huet. Den Trump huet an sengem Interview mam NBC doropshin Teheran mat "Bombardéierungen" a Stroftaxe gedreet, falls et net zu enger Eenegung kënnt. "Wa si kengem Deal zoustëmmen, wäert et Bombardéierunge ginn (...) Mä et ass méiglech, datt wa si kengem Deal zoustëmmen, datt ech hinnen nees Taxen operleeën, wéi ech et viru 4 Joer gemaach hunn", esou den Trump, dee jo rezent e Bréif op Teheran geschéckt hat fir nei Atom-Verhandlungen ze fuerderen an ebe mat militäresche Konsequenzen ze dreeën.