E Mëttwoch den Owend eiser Zäit huet den US-President Donald Trump nei US-Stroftaxen fir Handelspartner op der ganzer Welt annoncéiert.

Den Donald Trump huet souguer enken Handelspartner e Mëttwoch den Owend eiser Zäit virgehäit, d'USA mat hirer Politik vun den Taxe "geplëmmt a vergewaltegt" ze hunn. Hien huet dann och annoncéiert, en Dekret fir sougenannt "reziprok" Taxen "fir déi ganz Welt" z'ënnerschreiwen.

De klengsten Tarif fir aner Länner géif bei 10% leien, heizou gehéiert zum Beispill Groussbritannien, déi d'USA och mat 10% taxéieren. Den Optrëtt selwer stoung ënnert dem Slogan "Make America Wealthy Again". Wärend der Ried vum Trump ass den US-Dollar géigeniwwer dem Euro gefall.

US-Stroftaxen "fir déi ganz Welt" / Korrespondenz vum Georges Zens