Kann e Juncker-Kuss den Trump stoppen?
Vill Trump an och Juncker, Putin an e Smiley: d'Une vu bild.de en Donneschdeg am spéiden Nomëtteg.
Déi däitsch Boulevard-Zeitung erënnert en Donneschdeg op hirem Site drun, datt de Jean-Claude Juncker schonn eemol dem US-President den Aarm gebéit hätt.
"Drohen? Betteln? Ranschmeißen? So könnten wir Trumps Zoll-Krieg noch stoppen" ass deen Artikel iwwerschriwwen, deen d'Bildzeitung en Donneschdeg um Internet publizéiert huet. Op der Homepage war den Titel begleet vun enger Archivfoto, op där ee gesäit, wéi de Jean-Claude Juncker den Donald Trump am Wäissen Haus ëmäerbelt an usetzt, em e Kuss op den Hals ze ginn. Der Bildzeitung no kéint dat de Krich mat den Douanestaxe stoppen, well an der Bild-Legend heescht et: "Hat 2018 schon mal geklappt!".
Am Artikel op hirer Online-Säit freet déi däitsch Zeitung, wéi een den Donald Trump nees kéint berouege respektiv wéi een en nees vun der Palm kéint huelen. Weltwäit géife sech Politiker a Wirtschaftscheffen déi Fro stellen. Konkreet géif et drëm goen, datt Däitschland respektiv d'EU den Amerikaner géifen en Deal ubidden, fir datt déi absurd Extrataxen zeréckgeholl ginn oder op d'mannst manner haart ausfalen ... an do kënnt de Jean-Claude Juncker dann an d'Spill – Zitat Bild:
Vorbild ist der EU-Deal mit Trump, den 2018 der damalige EU-Kommissionspräsident Jean-Claude Juncker überbrachte – und damit den Zoll-Krieg eindämmte.
Schonn a sengem éischte Mandat hätt den Trump nämlech Extrataxen op Stol an Aluminium aus Europa gesat a weider drastesch Taxen op Autoen annoncéiert. D'EU hätt deemools mat Géigentaxen op typesch US-Produite reagéiert: ënnert anerem op Zockermais, Räis, Whisky an och Motorrieder vun Harley Davidson. Et hätt een deemools geziilt Wuere gewielt, déi Bundesstaaten a Walkreesser produzéiert ginn, an deenen d'Republikaner d'Majoritéit haten, esou d'Bild.
Dono wier den deemolegen EU-Kommissiounspresident Juncker op Washington geflunn an hätt dem Trump en Deal proposéiert: Europa géif vill US-Soja-Produite kafen, wat der Bild no zwar guer net an der Zoustännegkeet vum Kommissiounspresident geleeën hätt, ma den Trump wier drop agaangen an hätt seng Menace vun Taxen op den Autoen zeréckgezunn ... an en hätt dono esouguer "eine Art Liebesgruß aus dem Weißen Haus" getwittert:
"Wat kéint dës Kéier wierken?", freet d'Bildzeitung weider an zitéiert zum Beispill den CDU-Politiker Peter Beyer mat de Wierder: „Trumps Zoll-Hammer braucht eine passende Antwort. Aber bitte nicht wie bei Trump 1.0: Orangensaft, Jeans, Whisky und Harley-Davidson. Das juckt Trump nicht wirklich.“
Dobäi hat den Donald Trump himself de Jean-Claude Juncker am September 2018 mat enger zolitter Portioun Unerkennung als en haarde Verhandlungspartner bezeechent: "He's tough, he's nasty, the kind of guy I want negotiating for me" an och nach "he's a tough, tough cookie". (Méi dozou op RTL TODAY.)
Wéi de Match USA - EU déi Kéier ausgeet, bleift ofzewaarden, nach ass jo net gewosst, wéi eng Strategie d'Ursula von der Leyen finalement wielt ...