Géigemesuren no Decisioun aus den USA
China annoncéiert Stroftaxen an Héicht vu 34% op US-Produiten
© AFP/STRINGER
Nodeems d'USA nei Stroftaxe fir Importer aus der ganzer Welt annoncéiert haten, fir China mat 34 Prozent, huet Peking elo mat Géigentaxe geäntwert.
Dës fale mat 34% an der selwechter Héicht aus a solle vum 10. Abrëll u gëllen, huet de chineesesche Finanzministère e Freideg matgedeelt. Weider ginn och Exportkontrolle fir siwe seelen Äerden agefouert.
China ass mat den Taxe vu 34%, zousätzlech zu den 20%, déi den Trump schonn decidéiert hat, besonnesch haart betraff. D'Land ass Export-Weltmeeschter a liwwert sou vill Produiten an d'Welt, wéi keen anert Land. Den Dax ass direkt no der chineesescher Annonce massiv agebrach, dat ëm 4,6%.
Am meeschte gelies