49 Prozent wëlle Le Pen als Presidentschaftskandidatin
© AFP (Archiv)
E Méindeg war d'Politikerin verurteelt ginn an dierft fënnef Joer laang net bei Walen untrieden.
D'Verurteelung vun der franséischer Rietspopulistin Marine Le Pen wéinst Verontreiung vun EU-Gelder huet hirer Beléiftheet enger Ëmfro no bis ewell keen Ofbroch gedoen. Knapp d'Hallschent vun de Befroten - 49 Prozent - wënsche sech, datt d'Fraktiounscheffin vun der Partei Rassemblement National (RN) bei den nächste Presidentiellen untrëtt, dat geet aus engem Sondage vum Meenungsfuerschungsinstitut Ipsos-Fiducial ervir. Dëse gouf e Freideg publizéiert.
Allerdéngs sinn nëmmen nach 37 Prozent vun de Befroten dovunner iwwerzeegt, datt se tatsächlech untriede kann. Dat si 37 Prozentpunkte manner wéi virun engem Mount.
Engem Sondage vum Meenungsfuerschungsinstitut Ifop si knapp zwee Drëttel vun de Fransouse géint eng Gesetzesännerung, déi dat direkt Akraafttriede vun der Netwielbarkeet kippe kéint. Esou eng Initiativ hat den Deputéierten Eric Ciotti fir Juni annoncéiert. Fir béid Ëmfroe goufen 1.000 respektiv 1500 erwuesse Fransousen online befrot.
D'Marine Le Pen war e Méindeg wéinst Verontreiung vun EU-Gelder zu véier Joer Prisong, dovunner zwee op Bewärung an zwee mat enger elektronescher Foussfessel, wéi enger Geldstrof an Héicht vun 100.000 Euro verurteel ginn. Dës Strofe sinn ausgesat, bis den Appell ofgeschloss ass. D'Riichter hunn hir donieft verbueden, fënnef Joer laang bei Walen unzetrieden.