Wéinst dem Ausbroch vun der "Maul- und Klauenseuche" an Ungarn an der Slowakei mécht Éisträich vum 5. Abrëll u kleng Grenziwwergäng zou.

Déi éisträichesch Autoritéite reagéieren op d'Fäll vun der héichustiechender "Maul- und Klauenseuche" (MKS) an Ungarn an der Slowakei mat präventive Mesuren. Vun e Samschdeg un triede verschidde Fermeturë vu Grenzen a Kraaft, déi gëllen emol bis den 20. Mee. Mat dëser Moossnam soll verhënnert ginn, datt sech de Virus och an Éisträich ausbreet.

Zu de weidere Moossnamen, fir d'MKS weider anzedämmen, gehéiert och, datt op de méi grousse Grenzen d'Kontrolle verschäerft an Dokumenter iwwerpréift ginn. Dëst geschitt an Ofsprooch mat de verschiddenen Autoritéiten.

Pendler an Touriste mussen deemno an den nächste Woche mat Deviatiounen, Kontrollen a méi laange Waardezäite rechnen.

Weider Detailer fënnt een am Schreiwes vum éisträicheschen Inneministère.